Appell vum Roude KräizEt gëtt dréngend Blutt gebraucht!

Jeannot Ries
D'Covid-19 Pandemie hat d'lescht Joer keen Impakt op d'Bluttspenden. Am Ufank vum éischte Lockdown am Mäerz haten d'Reserven souguer zougeholl.
Diskriminatioun beim Bluttspenden
D'Covid-19 Pandemie hat d'lescht Joer keen Impakt op d'Bluttspenden. Am Ufank vum éischte Lockdown am Mäerz haten d'Reserven souguer zougeholl.

1.400 nei Donneure koumen souguer kuerzfristeg wärend der Kris derbäi. Den Ament ass d'Situatioun awer eng ganz aner. Zanter Februar 2021 läit d'Nofro u Blutt, jee no Mount tëscht 11 an 29% iwwert dem Duerchschnëtt. De Stock ass doduerch bedéngt ganz niddreg. Et ass dann och en Appell vum Roude-Kräiz Blutt ze spenden.

An normalen Zäite ginn 80 bis 100 Donen den Dag duer, fir der Nofro hei am Land no ze kommen. Den Ament ginn awer 120 bis souguer 130 Donen den Dag gebraucht. Um Ursprong géif eng méi héich Nofro aus de Klinicke leien.

"Mir ginn dervun aus, datt d'Haapterklärung déi ass, datt déi Operatiounen, déi wärend dem Lockdown am Fréijoer d'lescht Joer ofgesot goufen, elo nogeholl ginn", sou d'Anne Schumacher, Directrice médicale am Service Bluttspende vum Roude Kräiz.

Bluttspende kann een hei zu Lëtzebuerg am Alter vun 18 bis 60 Joer. Eng 13.000 Fraen a Männer si bei der Croix-Rouge ageschriwwen. D'Critèren, fir dierfen ze spenden, si ganz strikt. Well beim Blutt zu jidder Ament eng héich Qualitéit garantéiert muss sinn.

"Eng Fra, déi niert, kann zum Beispill net Blutt spenden, fir si selwer ze schützen. An da ginn et Grënn, wou déi Persoun, déi d'Blutt kritt, geschützt gëtt. Zum Beispill, wann de Risiko besteet, dat en Infektiounserreeger iwwerdroe kéint ginn", sou d'Anne Schumacher.

Wärend Joerzéngten hu homosexuell Männer net dierfe Blutt spenden. Ee Rapport bannent sengem Liewen goung do duer. Dat huet zum Deel elo zanter dem 1. Januar geännert:

"Elo stelle mer just nach Froen, wou et drëms geet, datt d'Spend, déi op engem gewëssen Dag gemaach gëtt, och e sécheren Don ass. Mir stellen eng an déi selwecht prezis Fro, ob de Spender e Mann oder eng Fra ass: Ob d'Persoun bannent den 12 Méint virun der Bluttspend op d'mannst ee sexuelle Rapport mat engem Mann hat. Wann d'Äntwert Neen ass, da kann d'Persoun Blutt oder och Plasma spenden. Wann d'Äntwert Jo ass, da proposéiere mer der Persoun deen Dag just Plasma ze spenden", sou d'Directrice médicale am Service Bluttspende vum Roude Kräiz.

Plasma ass den Ament weltwäit gefrot, well en och an der Produktioun vu Medikamenter verschafft gëtt. An dësem prezise Fall gëtt dee Plasma wärend 4 Méint a Quarantän geluecht. Ass um Enn vun där Periode, e weideren Test beim Donneur negativ, da gëtt dee Plasma fräiginn.

Ma firwat, sou streng Reegelen am Zesummenhang mat Geschlechtsverkéier, mat homosexuelle Männer?

"Op Basis vum leschte Rapport vum 'Comité de surveillance du SIDA' gouf festgehalen, datt d'Patienten, déi sech mat Aids ugestach hunn, prozentual méi aus der homosexueller Populatioun koumen, wei där Heterosexueller", sou d'Anne Schumacher.

Fir déi Responsabel vum Service Bluttspenden ass dës Ouverture awer e radikale Schrëtt, wou net méi déi sexuell Orientéierung berécksiichtegt géif. Ma just nach e Risiko-Verhalen.

Back to Top
CIM LOGO