UNEL/ACEL - Dan KerschEt gëtt en Accord bei de Stage fir Jonker

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro huet och d'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen UEL vun engem gudde Kompromëss geschwat.
UNEL/ACEL
Et gëtt en Accord bei de Stage fir Jonker, déi Beruffserfarung wëlle sammelen.

Et gëtt en Accord bei de Stage fir Jonker, déi Beruffserfarung wëlle sammelen. Déi zwou Lëtzebuerger Studentenorganisatiounen UNEL an ACEL goufen sech deemno eens mam Aarbechtsminister Dan Kersch, mat der Chambre des Salariés a mat der Patronatsvertriedung UEL.

Eng folkloristesch Aktioun vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Studenten am August zejoert. Mam Message: d'Studente riskéieren an d'Prekaritéit ze falen, wann se fir Stagë keen oder nëmme wéineg Geld kréien. Domat ass elo Schluss.

D'Vicky Reichling, Spriecherin vun der UNEL: ''Et gouf Geschicht geschriwwen. Elo ginn d'Stagen all bezuelt.''

Alleguer heescht: déi fräiwëlleg Stagen, an op der anerer Säit d'Stagen déi eng Studentin oder e Student am Kader vum Studium muss maachen. Déi sollten an der éischter Versioun vum Projet de Loi guer net remuneréiert ginn.

D'Vicky Reichling: ''No véier Wochen ass een eng Plus-value fir eng Entreprise. Dat war och ëmmer eist Argumentatioun firwat ee soll Stagiaire bezuelen. Mir hunn net agesi firwat ee fakultativ Stagë soll bezuelen an der vun der Uni net.''

Obligatoresch Stagë ginn elo vu 4 Wochen un mat 30 Prozent vum onqualifizéierte Mindestloun bezuelt. Also ronn 620 Euro de Mount. Fir fakultativ Stagen tëscht 4 Wochen an 3 Méint ginn et 50 Prozent. Bei Stagë vu méi ewéi 3 Méint gi 75 Prozent vum onqualifizéierte Mindestloun.

Esoubal eng Studentin oder Student e Bachelorofschloss an der Täsch huet, gëtt mam qualifizéierte Mindestloun gerechent. D'Pourcentagë bleiwen déi selwecht.

Den zoustännege Minister Dan Kersch ass wéinst sengem zweete Ressort, dem Sport, den Ament a Montenegro wéinst de Spiller vun de klenge Länner. Hie confirméiert den Accord.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch:''Op der anerer Säit hu mir d'Méiglechkeet nach méi grouss gemaach fir d'Stagen ze maachen. Leit déi d'Première gemaach hunn oder wann se e Bachelor hunn, kënnen elo och e Stage maachen. Op der anerer Säit ass eng Beschränkung ewechgefall fir déi grouss Betriber. An zwar dass d'Zuel vun de Leit déi se an de Stage huelen, méi grouss gëtt ewéi dat ursprénglech geduecht war.''

Op Nofro huet och d'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen UEL vun engem gudde Kompromëss geschwat. Ëmmerhi brauchen d'Betriber dringend Nowuess.. an d'Studente brauche Stageplazen an eppes an der Täsch. D'Vicky Reichling schwätzt vun engem gemeinsame Succès, zesumme mat der ACEL.

Back to Top
CIM LOGO