
Oder goufe vläicht scho méi konkret Schrëtt ënnerholl a Richtung neit CIPA-Gebai? Froen, déi grad an Zäite vu Corona nach méi Bedeitung kréien, well den Interieur, den Opbau vun den Zëmmeren zum Beispill guer net méi zäitgeméiss ass. Iwwer en Ersatz fir de "Roude Fiels", an deem eng 80 Pensionnairen doheem sinn, gëtt ewell 20 Joer schonn diskutéiert, mä déi, déi d'Froe stellen, waarde bis haut op Äntwerten.
RTL-News: En Altersheem vun 1957 a Covid-Zäiten - Neibau 20 Joer diskutéiert, mä net realiséiert D'Geesse kéinte jalous ginn iwwer d'Längt vum Baart, deen dëser Geschicht ewell gewuess ass. De Buergermeeschter, mat deem mir virun 2 Joer am Park hannert dem Gebai iwwer dee verschleefte Projet geschwat hunn, huet näischt Neies z'erzielen, ass glat a guer net jalous op der Geschicht hire Baart, mä scho bal flemmseg. Méi wéi d'Gemeng gemaach hätt, kéint si net maachen, widderhëlt den Henri Haine. D'Leit, déi do schaffen, géifen esou gutt schaffen, wéi et nëmme geet an enger vereelzter Infrastruktur.
Den Henri Haine betount, dass een natierlech e modernt Zëmmer wéilt hunn, wann een an esou eng Infrastruktur kënnt, dat wier hei allerdéngs net de Fall. Dofir hatt ee schonns 2002 ee Concours ausgeschriwwen an nach ëmmer wier näischt geschitt. Eng Affär, där een also schonns 18 Joer noleeft. 2004 an 2014 wieren och PAP gestëmmt ginn an nawell wier näischt geschitt an dat wier bedauerlech. Weider hätt een elo zanter 2015 e Problem mam Architekt an et géif einfach keng weider Beweegung an deen Dossier kommen, esou nach den Henri Haine.
Och d'Presidentin vun der Rëmelenger Amiperas lieft mat engem Déjà-vu nom aneren an ouni valabel Äntwerten. D'Viviane Biasini ass geléiert Infirmière, weess genee, wat et heescht, ouni Dusch an Toilette, mä just mat engem Lavabo am Zëmmer eens mussen ze ginn. D'Amiperas huet also zejoert am Mäerz hir - also d'Familljeministesch kontaktéiert. Resultat: schonn nees en Déjà-vu.
Et hätt ee ganz einfach wëlle wëssen, wéini gëtt zu Rëmeleng gebaut a bis haut hätt ee vun der Ministesch keng Äntwert heirop kritt.
E Stéck Verzweiwlung a Frustratioun héiert een eraus, mä och Roserei, well hei am Land, wat d'Senioren ugeet, vill geschwat an net genuch gemaach géif ginn.
D'Viviane Biasini vun der Rëmelenger Amiperas betount, dass si d'Stëmm vun de Seniore wieren a si wéilten et absolut kloer maachen, dass de Besoin do ass, fir esou Gebaier ze bauen.
Rëmeleng bréicht dat Haus, seet d'Amiperas-Presidentin a fënnt et en Hohn, dass sech hanner Excusë verstoppt géif ginn, amplaz Tacheles ze schwätzen. D'Viviane Biasini ass formell: ouni Zweiwel géif et, wat de Politesche Wëllen ugeet, keen Déjà-vu!