Neibau 20 Joer diskutéiert, mä net realiséiert
Iwwer 20 Joer gëtt ewell schonn un engem Projet fir en neit Rëmelenger Altersheem gedoktert.
Eng lescht gréisser politesch Aktioun ass schonn 2 Joer hier an do gouf Rëmeleng vun de politesche Responsabelen an der Servior net als Prioritéit festgehalen. Haut, an Zäite vu Corona, ginn déi vereelsten Infrastrukturen op Käschte vu Pensionnairen a Personal. D’Brigitte Falkenstein huet am Alterheem geschafft an hire Papp ass den Ament hei Pensionnaire. Géint d’Personal léist si näischt soen, mä dëst Servior-Gebai wier kloer net méi zäitgeméiss.
Och de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine rëselt de Kapp. D’Affär Altersheem, dee geplangte Neibau, huet e Baart vun 20 Joer, wat ze feele schéngt, wier de politesche Wëllen.
D'CSV huet an deem Kontext dann e Samschdeg och eng parlamentaresch Fro gestallt, bei wäitem net déi éischt an dësem Dossier, an deem et bis elo un Äntwerte feelt.
PDF: Parlamentaresch Fro vum Marc Spautz
RTL-Archiv: Déifferdeng a Rëmeleng: Buergermeeschtere wonnere sech, Servior erkläert sech