Wie kandidéiert fir d'Chamberwalen?Et gi méi Männer wéi Fraen an d'Course

Roy Grotz
649 Kandidate stelle sech op enger Dose Lëschte fir d'Chamberwalen den 8. Oktober. D'Lëschte sinn deponéiert - de Walkampf kann iwwernächst Woch ufänken.

Interessant ass e Bléck op d’Statistike vun de Kandidaten, déi an der Moyenne 46 Joer al sinn.
Déi 3 jéngst Kandidaten hunn all 18 Joer: d’Lucy Agostini geet am Zentrum fir d’Pirate mat an d’Course - de Pierre Turquin kandidéiert fir déi Lénk och am Zentrum an d’Komal Morandini huet sech am Oste fir Fokus opgesat.

Deen eelste Kandidat ass mat 84 Joer de Venanzo Bartocci, dee fir d’KPL am Zentrum op der Lëscht ass.

D’Kandidate si majoritär Männer, déi iwwer 57% duerstellen, par rapport zu 43% vu weibleche Kandidatinnen.

D’Parteie mat de meeschte Fraen op de Lëschte sinn ex aequo déi Gréng an déi Lénk, wou d’Lëschte komplett paritéitesch sinn - déi mannst Frae si bei der KPL opgestallt mat just engem Taux vun 37%.

D’Kommunistesch Partei huet och déi héchst Altersmoyenne mat knapp 56 Joer - déi jéngst Kandidate si bei VOLT ze fannen, mat enger Moyenne vu 35 Joer.

Mat 7 Kandidaten huet allerdéngs FOKUS déi meescht Leit, déi an der ënneschter Alterskategorie vun 18 bis 24 Joer ze fanne sinn.

9 Parteie gi mat komplette Lëschten an alle 4 Bezierker an d’Walen - dat ass nieft de Parteien, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn, nach Fokus.

D’KPL huet komplett Lëschten am Süden, Zentrum an Osten, déi Konservativ komplett Lëschten am Süden a Norden a Volt eng komplett Lëscht am Süden an eng onkomplett Lëscht am Oste mat nëmmen 3 Kandidaten.


All d’News iwwert d’Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO