
An der Chamber ass villes gereegelt, vill Kommissiouns-Sëtzungen an Debate lafe genee esou of, ewéi déi offiziell Prozeduren et virgesinn. Heiansdo kënnt et awer zu méi spezielle Situatiounen. De Minister fir d'Fonction Publique Marc Hansen war e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun. De Besuch vun engem Minister bei den Deputéierte gehéiert zum Alldag an der Chamber. De Pierre Jans erkläert, firwat et an der Chamberkommissioun awer e méi hëtzeg hiergoung.
D'Oppositiounspartei CSV hat de Marc Hansen an d'Chamberkommissioun vum ëffentlechen Déngscht convoquéiert. Et wollt een nach eemol Detailer iwwer d'Reduktioun vum Stage am ëffentlechen Déngscht vun dräi op zwee Joer. D'Majoritéit war verwonnert. De President vu Kommissioun, den DP-Deputéierte Gusty Graas: ''Wat eis elo bëssen iwwerrascht huet bei der Demande vun der CSV zu engem Gesetzesprojet, deen deposéiert ginn ass, a wou nach keen Avis vum Staatsrot do ass: et ware schonn Explikatiounen de 6. Februar dozou ginn. D'CSV huet de Rapport dovun de Moien och eestëmmeg matgestëmmt. Dowéinst si mir iwwert dës Demande verwonnert, fir da elo nach eng Kéier iwwert déi Repercussioune vun der Reduzéierung vum Stage ze diskutéieren. Mir si jo awer am Kader vun engem Prozess an dat war – ech ginn dat gären zou – elo e bësse méi eng hëtzeg Diskussioun.''
Esouvill scho virewech: d'Deputéiert sinn sech duerno eens ginn. Mä wat war dann iwwerhaapt der CSV hir Suerg? De Gilles Roth äntwert: ''De Problem ass deen hei: wann de Stage sollt vun dräi op zwee Joer erofgesat ginn – mir ginn iwwregens dovun aus, dass deen Accord salarial mat de Stëmme vun der CSV wäert ëmgesat ginn – da stellt sech d'Fro, wéi een de Volume vun dräi Joer Formatioun an nëmmen nach zwee Joer apéckt. An dat ouni dass een do de Volume vun der Formatioun reduzéiert, well d'Besoinen am Kontakt mat de Bierger natierlech ëmmer méi grouss ginn.''
A wat seet den zoustännege Minister Marc Hansen? Dee war och verwonnert, well bei der Presentatioun am Februar hätt d'CSV dës Froen net gestallt: ''Et huet een gemierkt, dass et haut vläicht e bëssen drëms gaangen ass fir hei vläicht éischter den ''Tapage'' ze kréien ewéi iwwer d'Saach ze diskutéieren. Wëssens dass de Sujet ëm deen et geet mir awer och ganz wichteg ass. Dat ass d'Formatioun vun deene Leit déi bei den INAP kommen. Dat ass eppes wat iwwer d'Joren awer geännert huet an och d'Qualitéit dovunner.''
An d'Qualitéit kéint haut méi kompakt, dat heescht a manner Zäit, garantéiert ginn, erkläert de Minister, an zwar mat digitale Moyenen. Méi Detailer gouf et nach net. Den Avis vum Staatsrot läit nach net vir, an deemno ass den Text iwwer d'Reduktioun vum Stage an d'Ofschafung vun der 80-80-90 Reegelung nach net gestëmmt. Bis dohi kriten d'Deputéiert déi aktuell Contenue vun der Formatioun am Institut vum ëffentlechen Déngscht awer nach emol presentéiert. D'Presentatioun vun enger Etüd iwwer eng geplangten Harmoniséierung vun der Evolutioun vum Salaire an den ënneschte Karriären C an D bei der Fonction Publique hunn d'Deputéiert schonn hannert sech. Aktuell klamme verschidde Fonctionnairen nämlech an engem aneren Tempo ewéi anerer, obwuel se de selwechte Grad an en ähnleche schouleschen Niveau hunn. Bei den Employéë sinn d'Ongläichheeten net grad esou visibel, mä se wären do seet de Marc Hansen. Déi Situatioun wär iwwer Joerzéngten entstanen: ''Dat ass ewéi e Stréckel deen immens komplizéiert gestréckt ass mat X Kniet dran, déi alleguerten och e Grond hunn fir do ze sinn. Do muss ee kucke wat een domat eng Kéier mécht. Mir sinn nach net um Punkt, wou mir d'Konklusioune vun der Etüd presentéieren, oder wéi een do ka virgoen. Et ass just eng Kéier fir ze weisen, wéi komplex a wéi inkohärent verschidde Saachen awer lafen, wann een déi eng Kéier neutral an objektiv kuckt.''
Eng wichteg Erkenntnis, awer wéineg Konkretes iwwert d'Suite. Och näischt iwwert den Zäitpunkt, wéini eng Harmoniséierung kéint an Ugrëff geholl ginn. D'Deputéiert vun déi Gréng Josée Lorsché: ''Dat ass net gesot ginn. D'Primme sinn och nach net consideréiert ginn. Et muss ee jo wëssen, dass och beim Staat jo verschidde Primme bezuelt ginn. Do hu mir elo nach keng Informatioune kritt. Ech mengen dat ass den zweete Volet dee wäert gekuckt ginn, well dat och verschidden Ongerechtegkeete ka generéieren.''
Et gëtt also nach villes ze klären an der Chamberkommissioun vun der Fonction Publique.