Fonds du LogementEt hëlt ee sech Zäit, fir en neien Direkter ze fannen

Joel Detaille
Maxime Gillen
Kevin Kayser
D'Presidentin vum Fong war zesumme mat der Ministesch an der Chamberkommissioun, wou et ëm d'Trennung vum Direkter goung, déi "de commun accord" war.
Fonds du Logement léisst sech Zäit bei Sich no Direkter
D'Presidentin vum Fong war zesumme mat der Ministesch an der Chamberkommissioun, wou et ëm d'Trennung vum Direkter goung, déi "de commun accord" war.

Et wëll ee sech Zäit huelen, fir en neien Direkter fir de Fonds du Logement ze fannen. De Fong funktionéiert gutt, mä et ass natierlech wichteg, dass een nees eng Spëtzt kritt, dat sot d’Logementsministesch Sam Tanson en Donneschdeg de Moien.

Si war zesumme mat der Presidentin vum Fong an déi zoustänneg Chamberkommissioun komm, fir den Deputéierten den aktuellen Zoustand vum Etablissement public z'erklären, wou jo viru Kuerzem den Direkter alt nees emol gaangen ass.

Kommissioun Fonds du Logement / Reportage Joel Detaille

Et war natierlech déi grouss Fro, déi sech d’Journaliste gestallt hunn: Huet den Eric Rosin missten als Direkter beim Fong goen, well hie fir d’Arnaque responsabel gemaach gëtt, op déi de Fong eragefall ass, an eng 800.000 Euro fälschlecherweis a Polen iwwerwisen hat?

Vum Diane Dupong, der Presidentin vum Fong krute weder d’Deputéiert, nach d’Presse eng Äntwert. Ech soen näischt zu den Inhalter vun engem commun accord. Mir hunn eis getrennt a béidsäitegem Averständnis, mä zu de Grënn, soen ech näischt.

Eng Ausoo, déi den CSV-Generalsekretär Felix Eischen verstoen kann, op d’mannst emol fir den Ament. Ech muss iech ganz éierlech soen, d‘Madame Dupong deet mer e bësse leed. Well Si ass elo e Joer en place, a Si muss elo dat riicht béien, wat am Fong déi Jore virdrun zerschloe ginn ass. An dat ass Schued. Et ass immens Schued, wann et e Fonds de logement hei zu Lëtzebuerg géif ginn, dee net funktionéiert. Mir sinn awer der Meenung, op Grond vun deem, wat mer haut héieren hunn, a wéi d’Strukture solle sinn, dass et soll besser ginn. Dat ass och ze hoffen, well mer am Wunnengsbau mussen un engem Strang zéien.

Gewuer ginn ass een zum Beispill, dass eng 600 Wunnengen an de nächste 5 Joer solle gebaut ginn duerch de Fong. Et wier zum Beispill ze begréissen, dass fréier Frichen, wéi zu Diddeleng oder zu Wolz, duerch de Fong reamenagéiert ginn, sou de Felix Eischen, deen annoncéiert huet, dass een d’Situatioun weiderhi genee wäert suivéieren. Et hofft een op méi eng strukturéiert an pragmatesch Erugoensweis um Terrain.

En neien Direkter gëtt iwwerdeems elo gesicht, sot et d’Logementsministesch Sam Tanson.

Et ass eis alleguer immens wichteg, dass mer eis elo Zäit huelen, fir do déi richteg Persoun ze fannen. De Verwaltungsrot vum Fong ass do kompetent a wäert en appel à candidature maachen. Et wäert och e Comité agesat ginn an et wëll ee sech extern begleede loossen, fir déi richteg Persoun ze fannen.
Viru Kuerzem hätt et iwwregens nees emol e Versuch ginn, de Fong  iwwert de sougenannten Presidenten-Trick ze beducksen. Dat wier awer deen Ament opgefall...

Back to Top
CIM LOGO