Eppes wat de President vun der CGFP, de Romain Wolff, weider kritiséiert an ëmmer nees mam Fanger drop weist. Et géif och ëmmer méi dacks vun engem méigleche Pandemie-Gesetz geschwat ginn. Och hei géif ee keng Informatioune kréien. Et kéint een och net matschwätzen, well een net wéisst, wat an deem Gesetz soll drastoe kommen.
Wéi vill Zäit bleift bis dat Gesetz do ass? A wat genee soll an dat Gesetz stoe kommen, freet sech de Romain Wolff, President vun der CGFP: "Den Etat d'urgence geet nach bis ongeféier den 20. Juni, da kann ech mir virstellen, datt dat da ganz séier geet. An da wier et net schlecht, wann een och scho fréi wéisst, a wéi eng Richtung dat geet, wat do soll dra stoen. Well dat kann ech mir de Moment guer net ausmolen, wat dat ass."
Konkret Pisten huet d’CGFP net wann et ëm d’Pandemie-Gesetz geet. Mee eent steet fir si awer scho fest. Dat wat elo wärend dem Etat de crise gëllt, soll net tel quel an deem Gesetz iwwerholl ginn, Saachen déi speziell op den Etat d’Urgence zougeschnidde sinn: "Et gi bestëmmt där Iddien, wann ech eleng de Staat huelen, ech gesi jo, do hu mir den Teletravail, do kann net jiddereen elo nëmmen nach Teletravail maachen, dat kann een net akzeptéieren. Teletravail ass eng gutt Saach, mee nëmmen, dat wier net gutt."
De Romain Wolff fuerdert dann och eng Tripartite. De Moment wier et vläicht e bësse fréi dofir. Ma et misst een op dësen Outil zeréckgräifen: "Datt een emol een Tour de table mécht. Datt ee kuckt, wéi kënnt een aus dem Etat de crise eraus. Mir hu jo 3 Phasen. An der zweeter si mir jo elo dran. An da kënnt eng drëtt: wat kascht dat ganzt, an do sinn d'Sozialpartner gefuerdert."
Virun zwou Wochen hat de Romain Wolff nach d’Reouverture vun de Schoule fir d’Primaner op dëser Antenn kritiséiert. Et wier net logesch, datt d'Premièren nach virun hirem Examen an d’Schoul misste goen, hat de CGFP-President deemools erkläert. E Méinden hätt een awer gesinn, datt de Schoulufank gutt verlaf ass, ma skeptesch bleift de Romain Wolff weider wat d’Reouverture vun der Spillschoul an de Maisons relais ugeet: "Wéi dat soll funktionéieren an organiséiert ginn, do stelle sech ganz vill Froen."
