
Et kënnt nämlech do zum Mësstrauensvott géint den aktuell rout-grénge Schäfferot ronderëm de Buergermeeschter John Lorent.
Dat nodeems e Majoritéitsvertrieder vun der LSAP Mëtt Dezember sech der Oppositioun ugeschloss, an de Budget net matgestëmmt hat.
Dëse Vott iwwert déi sougenannten “Motion de censure” ass dann och den eenzege Punkt um Ordre du jour.