Ech an och d'CNS sinn eis dem Problem mat den iwwerfëllten Urgencë bewosst, esou de Sozialminister Romain Schneider. Hie war haut den Invité vun der Redaktioun.
Déi finanziell Mëttele fir d'Urgencen an de Spideeler ginn iwwerkuckt. De politesche Wëlle wär do fir eppes ze maachen. De Sozialminister Romain Schneider huet en Dënschdeg de Moien op den Appell vun den Urgentiste reagéiert, déi Alarm geschloen haten, d'Situatioun an den Urgencen géif ëmmer méi uerg ginn. D'Personal misst opgestockt ginn an d'Infrastrukture verbessert.
Et wier scho vu politescher Säit aus reagéiert ginn, ënner anerem gouf en Audit gemaach, fir ze kucke wou de Problem genee läit.
Verschidde Kritike vun den Urgentiste léisst de Minister net onbedéngt gëllen, et wiere schonn zousätzlech Moyenen deblockéiert ginn an de politesch Wëlle wier och do fir nach méi ze maachen. Ënner anerem soll och beim Personal opgestockt ginn.
Et wier net esou, datt Leit mat klenge Boboen d'Urgencë géinge verstoppen, soen d'Dokteren.
De Minister ass net d'Accord, déi Leit géifen ëmmerhin 20% ausmaachen. Dat wiere ronn 50.000 Passagen an den Urgencen, déi ee kéint ofrechnen.
D'Maisons médicales hu Succès, se kéinten es awer vläicht nach méi hunn. D'Informatioun no bausse misst nach besser ginn, esou nach de Romain Schneider
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war de Sozialminister Romain Schneider.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren