De Christian Hahn ass President vun der Landwirtschaftskummer a kennt de Secteur gutt. Hie schafft am Familljebetrib an huet ronn 60 Mëllechkéi, iwwer 50 Mammekéi souwéi Gréng- an Ackerbauflächen.
Och zu Lëtzebuerg sinn d’Mëllechpräisser an d’Luucht gaangen a léiche jee no Inhaltsstoffer bei 50 bis 52 Cent de Kilo. De Grond dofir sinn déi héich Produktiounskäschten, ugedriwwe vun de Stroumkäschten, dem Masutt an dem Präis vum Kraaftfudder. “Den Ament ass d’Mëllechproduktioun rentabel. Ech muss awer soen, et mécht een net déi héich Spréng”, seet de Christian Hahn. Et wier schwiereg, nach z’investéieren an esou onsécheren Zäiten.
Alles hänkt zesummen. Wann de Präis vun de Kären an d’Luucht geet, freet sech zwar de Kärebauer, dee méi Aker huet, mee net de Mëllechbauer, sou de Christian Hahn. Dobäi wier et och fir d’Kärebauer haut méi schwéier ginn. D’Produktiounskäschte wieren och hei grad héich.
Eng Konsequenz vun de Käschten, déi an d’Luucht ginn, gesäit de President vun der Landwirtschaftskummer doranner, dass d’Bauere géinge méi op déi sougenannten Eco-Scheme-Programmer vun der Europäescher Unioun zréckgräifen. Heescht, dass si vun der EU-finanziell Ureizer kréien, wann si op ekologesch Manéier ubauen. Dann hätt een zwar méiglecherweis manner Ertrag, wann een net géing zum Beispill géint Pilzkrankheeten oder géint Insekten traitéieren, mee dofir géing ee kompenséiert ginn, erkläert de Christian Hahn.
E Problem vun dësem Eco-Scheme-System wier den Ament awer, dass et géing grouss Retarde beim Ausbezuele ginn. Verschidde Bauere géinge schonn zanter bal engem Joer op hir Sue waarden, wat kéint zu Liquiditéitsenkpäss féieren.
Wéi vill Betriber sinn den Ament och d’Bauerebetriber mat den héijen Zënsen an de volatillen Energiekäschte geplot. D’Produktiounskäschte sinn héich, d’Margë knapp. An domat wier laangfristegt Plange schwéier.
Administrativ Vereinfachungen an der Landwirtschaft, d’Suerg vun der Produktivitéit an Europa an d’Landwirtschaft vis-à-vis vun der Konkurrenz aus Drëttlänner ze schützen. Dat ware Sujeten iwwert déi d’EU-Agrarministeren e Méindeg zu Bréissel beroden hunn.
D’Lëtzebuerger Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet am RTL-Interview betount, datt een, direkt wou d’Protester ugefaangen hunn, den Dialog mat de Baueren hei am Land gesicht hätt mam Landwirtschaftsdësch. Den Dialog soll och weider gefërdert ginn. E wichtege Volet wier do d’administrativ Vereinfachungen: “Do si mer mat der Landwirtschaftskummer a Kontakt fir déi Bestëmmungen esou ëmzesetzen, datt se de Baueren direkt eppes bréngt. Op der anerer Säit ass d’Kompetitivitéit an do huet Lëtzebuerg genee sou Problemer wéi déi aner Länner.”
D’Vereinfachunge fir d’Bauere wiere batter néideg, huet d’Agrarministesch nach nom Conseil betount:
“De Motto misst sinn den ‘Need to have’ an de Mëttelpunkt ze setzen an net den ‘Nice to have’, well dat bedeit dacks fierchterlech administrativ a bürokratesch Oplagen, an déi musse mer definitiv reduzéieren.”
De Bauer misst kënnen um Terrain schaffen, amplaz datt en d’Hallschent vun der Zäit mat administrative Saache beschäftegt ass. Anere Sujet war d’Stäerkung vun de Baueren an der Liewensmëttelketten. Do sollen elo genee Daten erfaasst ginn an en Observatoire geschaaft ginn:
“Fir mol ze kucken, wou déi eenzel Margë sinn, wie kasséiert d’Suen an a sinn déi Margë gerechtfäerdegt. Wann deen Observatoire bis richteg schafft, hu mer Moyene fir méi eng genee Analys ze maachen, wou een den Hiewel kann usetzen.”
D’Martine Hansen huet iwwerdeem zouginn, datt de Mëllechsecteur immens vulnerabel wier virun allem mat der Reduktioun vum Ammoniak. Et misst een op deem Punkt realistesch Ziler setzen, fir weider kënne kompetitiv ze sinn, sou d’Martine Hansen nom EU-Conseil e Méindeg de Mëtteg zu Bréissel.