
Fir d’Paulette Lenert war d’Corona-Pandemie eng intensiv Zäit. Wann d’LSAP-Politikerin un deemools denkt, wier dat éischt, wat hir an de Kapp kënnt: Hir Ekipp. Vun alle Säite wiere Mënschen hëllefe komm.
D’Stëmmung an der Populatioun hätt dacks geännert, mol war een ze streng, mol net streng genuch.
“Ech hunn ëfters d’Gefill gehat, dass mer wierklech herno op eng ganz, ganz kleng Unitéit reduzéiert waren, fir Decisiounen ze huelen. An och fir mech selwer hunn ech mer ganz fréi zu enger Gewunnecht gemaach, iergendwéi ze soen, ech muss mat mir selwer am Renge sinn.”
A Spadséiergäng mam Hond hätt se versicht, Recullen zur Situatioun ze kréien an eegen Entscheedungen a Fro ze stellen.
Dacks wier een och a Situatioune gewiescht, wou ee mat Ongewëssheet konfrontéiert war. Bei Decisiounen hätt een ni d’Garantie gehat, dass se um Enn och déi richteg waren.
“Mir hunn dee Virus iwwerhaapt net kannt am Ufank, et wousst een net wéi geféierlech en ass, wéi iwwerdréit e sech genau, wéi schnell iwwerdréit een sech, wat wäert dat bedeiten, wéi vill Leit wäerte stierwen.”
Den Headquarter vun der Gestioun vun der Pandemie war zu Lëtzebuerg an der Villa Louvigny. Zu där Zäit war do nach de Gesondheetsministère. Dag a Nuecht gouf geschafft. Mat Mënsche vun allen Natiounen, déi zu Lëtzebuerg liewen, goufen an der ganzer Welt Tester an anert medezinescht Material kaf.
“Dat war scho spektakulär, do konnt een net déi ganz normal Prozeduren anhalen. Dat ware schonn Urgence -Prozeduren, wou Gelder engagéiert gi sinn.”
Op de Fluchhäfen ass an der Zäit vill medezinescht Material op eemol un en anert Land verkaf ginn. Lëtzebuerg hätt mat “senger” Cargolux do extreem Chance gehat. Et wieren ëmmer Pilote vun der Cargolux op der Plaz gewiescht, déi wieren am Austausch mat Leit vum Ausseministère gewiescht a jiddereen hätt seng Relatioune spille gelooss.
D’Paulette Lenert ass och perséinlech un hir Grenze gaangen. Ugangs 2021 hat si e Burnout a gouf dräi Woche vum Romain Schneider als Gesondheetsminister vertrueden.
“Mir hunn einfach nëmme geschafft, wéi eng Duracell drop lass geschafft, ouni eis Froen ze stellen.”
An anere Länner hätte Minister Stress-Beroder gehat. Och am Ministère wiere Leit een nom aneren ausgefall, einfach, well ze vill geschafft gouf.
“Ech hunn dat e bëssen a menger Natur och, ech muss och mol esou eng op den Deckel kréien, fir ze verstoen, mee dat war den Ëmstänn entspriechend, mengen ech näischt Aussergewéinleches an och net en isoléierte Fall. Bei mir ass dat elo méi thematiséiert ginn, mee et si vill Leit, déi un der Front geschafft hunn, déi mol ewechgefall sinn, fir e Moment och bei eis an den Ekippen, leider muss ech soen, ass eppes, wat ech och réckbléckend guer net um Radar hat zu deem Moment.”
Am zweeten Episod vum Wellebriecher hat de Gérard Schockmel kritiséiert, dass an den Altersheemer déi eeler Leit ze vill isoléiert gewiescht wieren. Eng Kritik, déi d’Paulette Lenert zum Deel novollzéie kann.
Et wollt ee verhënneren, dass en Domino-Effekt entsteet.
Op d’Fro, ob mir elo besser preparéiert si fir eng nei Pandemie, koum d’Äntwert:
“Mir sinn et op alle Fall an de Spideeler, do weess ech, dass déi Pläng, déi gemaach gi sinn, fir d’Fluxen ze trenne vun de Patienten, déi Krisepläng am Fong geholl, déi erstallt gi sinn, déi och adaptéiert gi si wärend der Pandemie, déi hu weider Bestand an do wäert dat sécher ganz anescht oflafen a méi schnell kënnen ëmgesat ginn, wann dat nach eng Kéier sech géif presentéieren. An ech ginn dovun aus, dass an den Alters - a Fleegeheemer änlech Iwwerleeunge gefouert gi sinn.”
D’Paulette Lenert bleift och der Meenung, dass eng Impfflicht zu Lëtzebuerg net néideg gewiescht ass a steet hannert der Decisioun, déi deemools geholl gouf.