No der Philharmonie ass de festleche Programm vum Nationalfeierdag mat der Militärparad an der Neier Avenue an der Stad weidergaangen. Kommentéiert gouf dës vum Roy Grotz, der Lieutenante Christine Majerus an dem Lieutenant Première Classe Jan Niebelschütz.
900 Leit, 50 Gefierer, 18 Motoren, 2 Fliger, 1 Policehelikopter, awer keng Hënn - déi haten Hëtzefräi - ware bei der Militärparad dobäi, déi un déi héich Temperaturen ugepasst gouf: dës Kéier also ouni Déieren, mat ugepassten Uniformen an enger Partie Waasserstatiounen.
Eng weider Adaptatioun beim CGDIS war, dass en Deel vum Detachement à pied erausgeholl gouf, notamment 22 Beruffspompjees-Stagiairen, well déi e Méindegowend gebraucht goufen, awer och fir en Dënschdegmëtteg den Dispositif opzestocken, fir d'Sécherheet ze garantéieren, sou de Lieutenant Première Classe Jan Niebelschütz.
De Grand-Duc Guillaume ass och a senger Ried an der Philharmonie op d'Parad agaangen.
"En anere wichtege Moment: Haut ass d’Militärparad. Wann eis Arméi, eis Police, an eis Zivildéngschter op der Neier Avenue defiléieren, déi passend den Numm Avenue de la Liberté dréit, dann erënnere si eis drun, dass eis Fräiheet keng Selbstverständlechkeet ass", esou d'Wierder vum Staatschef an der Philharmonie.
Net nëmmen de Lëtzebuerger Militär war sur place, ma och d'franséisch an d'belsch Noperen.
Nei op dëser Militärparad war och de Fändel, deen um leschte Mäertesdag iwwerreecht gouf, an op deem jo de Monogramm vum Grand-Duc Guillaume ass. Och den neie Marsch Grand-Duc Guillaume, aus der Fieder vum Georges Sadeler, gouf vun der Militärmusek gespillt.