Steve Faltz, LSAP"Et war een ofgekaartent Spill gëschter hei zu Esch"

RTL Lëtzebuerg
Wat zu Esch geschitt, wier Muechtpolitik an dat och nach vun 3 Parteien, déi programmatesch net beienee passen.
Gemengewalen zu Esch
Wat zu Esch geschitt, wier Muechtpolitik an dat och nach vun 3 Parteien, déi programmatesch net beienee passen, heescht et vun der LSAP.

Dat seet den LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz, dee wuel muss an d’Oppositioun goen. D’Sozialisten an d‘CSV hu sech bis op déi lescht Minutt, bis op de leschten Büro eng extrem spannend Course geliwwert.

Gemengwalen zu Esch - Reportage vum Annick Goerens

Mat all Walbüro, deen ausgezielt gouf, huet sech d‘Resultat hannert dem Komma erëm geännert. Zum Schluss koumen béid op 29,6 Prozent vun de Stëmmen, wat e Plus war fir d‘LSAP vun 1,7 Prozent par Rapport zu 2017 an e Minus fir d‘CSV vun 1,3 Prozent. Vun de Stëmmen hir hat d‘LSAP der just 36 méi wéi d‘CSV, allerdéngs hunn déi Chrëschtlech-Sozial iwwer 2.000 Lëschtestëmmen méi kritt wéi d‘Sozialisten. Béid hu 6 Sëtz am Gemengerot an alles wier méiglech gewiescht.
Déi al Koalitioun vun CSV, déi Gréng an der DP haten sech allerdéngs schonn iert all d‘Büroen ausgezielt waren, beienee gesat. fir iwwer hir gemeinsam Zukunft ze diskutéieren. Dat léist beim LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz gemëschte Gefiller aus.

Mer sinn als Gewënner do erausgaangen. Mer hunn de Renouveau gepackt. Déi Escher hunn dat ugeholl an doriwwer si mmer och immens frou an ech wëll mer och déi Freed – och wann den Ament d‘Situatioun et net ganz zouléisst – och net huelen loossen. Wat elo leider Gottes hei geschitt, dat ass, dass mer elo just eng Muechtpolitik hei hu vun 3 Parteien, déi och programmatesch net onbedéngt beieneen passen an déi einfach elo puer Arithmetik spille loossen, fir hir Muecht z‘erhalen. Den Escher huet eppes ganz aneschters gewënscht. A leider Gottes muss deen elo nokucken, wei e puer Leit sech just d‘Muecht opdeelen.”

Besonnesch vun de Gréngen ronderëm den Co-Parteipresident an Co-Spëtzekandidat Meris Sehovic hätte sech d‘Sozialisten méi erwaart, sou de Steve Faltz:

Virun allem mat de Gréngen hu mer dann awer programmatesch bal 90 Prozent vum Programm deckungsgläich. Do hätt ee sécher méi erwaart. Eleng nëmmen, dass ee mat de Gréngen awer éischter nach eng Kéier hätt kënnen op den Dësch sëtzen, eng Kéier à tête reposée. Mee dat war een ofgekaartent Spill gëscht Owend. D‘Büroe waren nach net ausgezielt, du souze se schonn beieneen. Dat ass eppes, wou ech soen, hei geet et just ëm Muechtpolitik. Hei geet et net ëm Programmer. Dat ass de Punkt.”

Fir den alen a warscheinlech neien Buergermeeschter Georges Mischo war et e Sonndeg den Owend kloer, dass hien den Optrag kritt hätt vun de Wieler, fir virunzefueren. Hien hätt déi meeschte perséinlech Stëmme gesammelt an d’CSV hätt schliisslech och iwwer 2.000 Lëschtestëmmen méi gehat. Um Méindeg ware schonn déi 2. Sondéierungsgespréicher gewiescht an d’Stëmmung wier gutt a konstruktiv. Et géing een op Stabilitéit an Kontinuitéit setzen, sou de Georges Mischo.

PDF: Communique LSAP Esch 12062023

Back to Top
CIM LOGO