
Zu Hesper an zu Réiser stounge beispillsweis zwee Autoen a Brand. Zu Fréiseng, zu Dikrech an zu Péiteng koum et zu enger Dampentwécklung an Eefamilljenhaiser.
Zu Dippech gouf et e Kamäin-Brand, an an der Stad gouf et e Feier duerch e Kuerzen.
Déi lokal CGDIS-Corpsen waren allkéiers am Asaz – et blouf och bei Materialschued.