
No der Dréchent aus de leschte puer Woche konnt sech d'Natur e Freideg iwwer e puer zolidd Reeschauere freeën. Déi eng oder aner Schauer mat Knëppelsteng war awer och dobäi, sou wéi hei am Zentrum vum Land.

Och an der Nuecht op e Freideg hat et schonns deels zolidd geschott a gestiermt. An der Nuecht op e Samschdeg soll sech dat Ganzt awer nees bësse berouegen an et wäert net grad esou naass weidergoen, ier et e Samschdeg nees méi reene wäert.
Hei den Iwwerbléck vun de Wiederprevisiounen.