Debat iwwer FëmmverbuetEtienne Schneider: "Regierung huet net wëlles, méi wäit ze goen"

RTL Lëtzebuerg
Donieft war et awer och d'Präzisioun, datt d'Konsuméiere vum Cannabis am ëffentleche Raum net virgesi wier.
Debat iwwer Fëmmverbuet
Etienne Schneider: "Regierung huet net wëlles, méi wäit ze goen".

D'Regierung huet net wëlles am Fëmmverbuet méi wäit ze goen! D'Fëmmen op oppenen Terrassen bleift domat och weiderhin erlaabt, sot de Gesondheetsminister Etienne Schneider e Mëttwoch de Moien beim ëffentlechen Debat an der Chamber iwwert d'Petitioune fir a géint d'Fëmmen op den Terrassen.

Am Koalitiounsaccord géing zwar dra stoen, datt déi Fëmmverbueter, déi an de leschte Joren agefouert goufen, datt déi strikt agehalen a kontrolléiert ginn, mä vun neien erweiderte Verbueter wier net riets. Et huet ee keng Etüden, déi dofir eng Noutwendegkeet aus gesondheetlechem Gron géif gesinn.

Extrait Etienne Schneider

Doropshin huet de Petitionär Daniel Reding opbruecht reagéiert, hien huet de Horesca felicitéiert a festgestallt, datt d'Wirtschaft elo Virrecht virun der Gesondheet huet.

Extrait Daniel Reding

De Petitionär huet net just de Minister kritiséiert, mä och Courage vun den Deputéierte verlaangt. De President vun der Gesondheetskommissioun Mars Di Bartolomeo wollt dat net sou stoe loossen. D'Chamber muss sech net soe loossen, datt se de Courage net hätt, fir géint den Tubak virzegoen. Wann een déi verschidde Gesetzer kuckt, déi gemaach goufen, deemools wou den Tubak nach d'Reegel war, a woufir d'Chamber awer och hir Membere perséinlech attackéiert goufen, kann de Mars Di Bartolomeo sech elo net soe loossen, datt d'Leit an der Chamber Läppercher wieren, déi net géint den Tubak wéilte virgoen.

D'Horesca huet d'Petitionärin Maria Carella ënnerstëtzt a war dofir och beim Debat dobäi. Den Generalsekretär François Koepp huet betount, datt si komplett dofir sinn, datt de Patron hei decidéiert, well et eben hien ass, dee seng Clientèle am Beschte kennt. An dann ass et och nach de Konsument, deen de Restaurant dozou beweege kann, en anere Wee ze goen. Mat enger Campagne wëll een d'Restaurateure motivéieren, dat ze testen, fir ze kucken, ob si da méi oder manner Cliente hunn, wa se d'Fëmmen erlaben oder verbidden, esou den Alain Rix, President vun der Horesca. Donieft sollen awer och d'Restaurateuren d'Leit opruffen, fir sech géigesäiteg ze respektéieren.

Extrait François Koepp

Vum Fëmmen ass een awer och séier beim Cannabis. Dozou sot de Gesondheetsminister, dat d'Konsuméiere vu Cannabis am ëffentleche Raum vun der Regierung net virgesi wier.

D'Horesca wier averstanen, de Restauranten de Choix ze loossen, ob an Zukunft op den Terrasse gefëmmt dierf ginn oder net. Dat sot de President vun der Horesca, Alain Rix an der Chamber. Hien huet zesumme mam Generalsekretär François Koepp, d'Petitionärin Maria Carella ënnerstëtzt, déi dofir plädéieren, datt d'Fëmmen op Terrassen net verbuede gëtt.

Fëmmverbuet / Reportage Claudia Kollwelter

2 ëffentlech Debaten um Mëttwoch de Moien

Zwou Petitiounen, déi fir vill Diskussioune gesuergt haten, goufen um Mëttwoch parallel wärend enger ëffentlecher Sëtzung an der Chamber debattéiert. Eng Kéier geet et ëm ee Verbuet vum Fëmmen op den Terrasse vu Restauranten an déi aner Kéier geet et just ëm de Géigendeel, deemno d'Fëmmen op den Terrasse muss erlaabt bleiwen.

D'Petitioun vum Daniel Reding, dee sech dofir asetzt, dass et an Zukunft misst verbuede sinn op den Terrassen ze fëmmen, fir virun allem Kanner a schwanger Fraen ze protegéieren, war vu bal 4.900 Leit ënnerschriwwe ginn. Den néideg Quorum vun den 4.500 Signaturen war domat erreecht.

PDF: Ried vum Petitionär Daniel Reding

Back to Top
CIM LOGO