
Hannergrond ass d’Diskussioun an der Belsch, fir d’Aarbechtswoch vu 5 op 4 Deeg ze kierzen, bei der selwechter Aarbechtszäit.
Den Dan Kersch huet awer präziséiert, datt esou e Model fir hie keng Optioun wier, wann ee bei der 40 Stonnewoch bleift. Duerch d’Digitalisatioun ass d’Produktivitéit am allgemengen an d’Luucht gaangen. An anere Länner gouf d’Aarbechtszäit scho reduzéiert, a Frankräich op 35 Stonnen d’Woch, an der Belsch op 38.
Lëtzebuerg misst en attraktiivt Land och fir Salariéen aus dem Ausland bleiwen, op déi een ugewisen ass, seet den Aarbechtsminister Georges Engel. D’Land kéint et sech net leeschten, net ze reagéiere par Rapport zu den Nopeschlänner. Dofir wier ee prett, och am Kader vum Sozialdialog doriwwer ze schwätzen.
De Georges Engel huet dann och nach annoncéiert, datt am Aarbechtsministère en neit Departement mam Numm Dialog social gegrënnt gouf.