D’Kommissioun kuckt dora fir all Land, wéi gutt de Rechtsstaat do funktionéiert. Dëst ass déi 4. Editioun vun dësem Rapport an déi 2. Kéier, dass d’Kommissioun doran och Recommandatioune pro Land mécht, wéi een den Etat de droit nach kéint verbesseren.
Fir Lëtzebuerg gëtt et dem Justizkommissär Didier Reynders no nach am meeschten Aarbecht bei der Justiz. Et wier wichteg, hir déi néideg Moyenen ze ginn, esouwuel op administrativem Plang, dat heescht fir sech weider ze digitaliséieren a méi effikass ze ginn, wéi och wat d’Personal ugeet.
Méi Transparenz duerch Lobby-Regëster
Donieft misst méi a Punkto Transparenz vun der Chamber gemaach ginn. Konkret soll besser nozevollzéie sinn, wéi eng Interessevertriedunge probéieren, Afloss op d’Parlament ze huelen. Dofir ass jo schonn e sougenannt Transparenzregëster en place gesat ginn. Dat geet der Kommissioun awer net duer, wéi den Didier Reynders erkläert.
„Le rapport note que le registre de transparence pour les députés est opérationnel et accessible au public, mais que sa structure et sa mise en oeuvre reste minimale et que la législation sur le lobbying doit encore être évalué. De plus, des codes de conduite applicables aux membres du Gouvernement et à ses conseillers ont été mis en place. Transparence pour les députés est opérationnelle et accessible au public, mais que sa structure et sa mise en oeuvre reste minimale et que la législation sur le lobbying doit encore être évalué.“
Esou en Transparenzregëster ze féieren, wier an esou engem klenge Land wéi Lëtzebuerg awer guer net esou einfach, huet den CSV-Deputéierte Christophe Hansen ze bedenke ginn.
„Ici au Luxembourg, c’est quand même plus petit et tout le monde connaît tout le monde. Donc, parfois, c’est quand même difficile à échapper, si on va dans un restaurant ou une place publique, de ne pas voir certains gens.“
Dat huet den Europa-Deputéierten a Vize-President vum EU-Parlament Marc Angel esou awer net gëlle gelooss. Wann een dat am Europaparlament géif hikréien, misst dat dach och zu Lëtzebuerg méiglech sinn.
„En ce qui concernent les registres de transparence, oui, Monsieur Hansen a dit que le Luxembourg est plus petit, il y a d ‘autres dimensions, mais je veux dire que la transparence pour un petit Parlement ou un grand Parlement, on ne peut pas avoir des différences en ce qui concerne la transparence. Peut-être tout ce qu’on a fait pendant un an maintenant au Bureau du Parlement européen, Monsieur Hansen en faisait partie, pour améliorer la transparence et aussi lutter contre la corruption, peut-être ça pourrait inspirer aussi le Parlement luxembourgeois.“
Méi Matsprooch bei neie Gesetzer
Eng Recommandatioun, déi zejoert scho gemaach gouf, ma déi Lëtzebuerg net ëmgesat huet, ass déi vun der Participatioun an der Gesetzesprozedur. Interesséiert Acteure misste méi Méiglechkeete kréien sech an déi ëffentlech Consultatioune mat anzebréngen, wann nei Gesetzer ausgeschafft ginn.
D’selwecht beim Thema vum Accès zu der Assistance judiciaire, also dass jiddereen en Affekot ka kréien, och wann e sech deen net leeschte kann. D’Kommissioun fuerdert, dass den Accès verbessert gëtt. Bei deem Punkt huet de Chamberpresident Claude Wiseler e bësse protestéiert. Am August, nodeems deen heite Rapport geschriwwe gouf, huet d’Chamber nämlech nach e Gesetz dozou ugeholl an dora wiere vill Progrèse gemaach ginn, esou de Claude Wiseler.
Vill Luef gouf et dogéint fir d’Verfassungsreform. Dës wier immens wichteg gewiescht an hätt e groussen Impakt op den Etat de droit, esou den Didier Reynders. Positiv erwäänt gouf och d’Ëmsetze vun zwou Recommandatioune, an zwar beim Aféiere vun deem neie Conseil supérieur de la justice an dass méi Moyenen an d’Bekämpfung vu Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit gestach goufen.
Et gouf net nëmmen iwwer Lëtzebuerg diskutéiert
D’Froe vun den Deputéiert an d’Diskussioun mam Kommissär hunn awer och vill ëm aner Sujete gedréint. Dorënner zum Beispill och déi juristesch Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet. Dem Kommissär no misst dës Fro op nationalem Niveau gekläert ginn.
„Il est clair, qu ‘il faut d ‘abord, au niveau national, régler le problème, d’avoir la même interprétation sur le droit existant et puis ensuite laisser les autorités mener leur réforme, mais en ayant ce respect des consultations de l ‘ensemble des parties prenantes, mais aussi des instances chargées notamment de donner des avis juridiques sur les procédures. Je signale d’ailleurs, que quand les procédures sont plus lourdes et concernent des réformes beaucoup plus importantes, notamment dans le secteur de la justice de façon générale, nous recommandons régulièrement d’être en contact avec la Commission de Venise et de faire en sorte que les recommandations de la Commission de Venise soient prises en compte.“
Eng ganz Rei Froe vun den Deputéiert hunn och ronderëm Ungarn gedréint. Ungarn ass jo rezent ëmmer erëm domat opgefall, Decisiounen um EU-Niveau ze blockéieren an déi aner Memberen an d’Kommissioun domat z’erpressen.
Dem Didier Reynders seng Äntwert dorobber war, dass eng ganz Rei Prozedure géife lafen. Ënnert anerem och virum europäesche Geriichtshaff an natierlech och a Punkto Suen. Do huet d’EU jo e ganzen Deel blockéiert, well Ungarn net déi néideg Reforme gemaach huet. Gläichzäiteg huet hien och erkläert, dass Ungarn an anere Beräicher och eng ganz Rei Reforme gemaach huet. Och wann d’Situatioun alles an allem net ideal ass, misst d’Kommissioun déi eenzel Fortschrëtter kucken an déi och honoréieren. Dat wieren nun emol d’Reegelen, esou de Kommissär.