Et handelt sech dobäi em immens vulnerabel Leit, déi dacks duerch all d’Rastere falen. Leit mat schwéiere psycheschen Erkrankunge kréien, no engem Openthalt an enger Klinik, net ëmmer de néidege Suivi oder kommen eréischt guer net bis bei en éischte Rendez-vous beim Dokter.
An dësen a villen anere Fäll kënnt elo d'FACT-Team an d'Spill. Et ass ee Pilotprojet am Norde vum Land. Een neien, multidisziplinäre Service zu Ettelbréck suvéiert zënter Oktober zejoert psychesch krank Leit op verschiddene Niveauen, onofhängeg dovun, ob si a Behandlung ware respektiv sinn oder net.
De Benedikt Scheuermann ass Infirmier vu Beruff an huet virdrun an der Psychiatrie geschafft. Den Ament schafft a koordinéiert hien zesumme mat der Psychologin Maryse Georges d'Ekipp vum FACT. Medezinesch Interventioune bei Beneficiairë gehéiere fir hien zum Alldag. “Ech hu mir am stationäre Setting (Psychiatrie) relativ vill Froe gestallt. Ech war e wéineg frustréiert. D'Leit stabiliséiere sech do, ginn duerno awer erëm an een dysfunktionale Setting erëm Heem. An dat huet als Konsequenz, datt ganz vill Patienten ëmmer erëm zeréck an d'Psychiatrie kommen. D'Aarbecht am FACT-Service ass letztendlech eng Äntwert dorop, fir de Client do opzefänken, wou villäicht den Ursprong-Problem ass.”
FACT steet fir Flexible Assertive Community Treatment. De Projet ass an de 70er Joren an den USA entstanen. Spéiderhi gouf e vun den Hollänner iwwerholl an ugepasst. D'FACT-Team ass kee Streetwork-Team an dach geet d'Ekipp geziilt op d'Clienten duer, op der Strooss, an de Klinicken, oder op Nofro och doheem. Déi Betraffen hunn all eppes gemeinsam - eng schwéier psychesch Erkrankung.
De Pilotprojet ass aus enger Zesummenaarbecht vun der Rehaklinik (CHNP) mat der ZithaUnit a.s.b.l entstanen a gëtt aktuell vum Gesondheetsministère finanzéiert. D'Ekipp besteet aus Professionellen aus dem Gesondheetsberäich an dem soziale Secteur an ass den Ament just am Norde vum Land aktiv. Ma d’Ekipp huet den Ament bal 80 Leit intensiv am Suivi (*bei eisem Tournage Enn Mee 2026 waren et nach ronn 50 Suivien).
De Georges Majerus vun der Direction de soins vum CHNP ass Deel vum Comité de pilotage vum FACT-Service. Fir hien ass et elo scho kloer, datt dëse Service eng wichteg Roll huet, fir - an Zesummenaarbecht mat anere Servicer - vulnerabel Leit am System besser opzefänken.
"Mir ginn dovunner aus, dass de Besoin am ganze Land do ass. En ass am Norde kloer do, dat gesi mir unhand vun dësem Pilotprojet, mä mir wëssen och, dass de Besoin an der Stad, am Süde vum Land, u sech an alle Regioune vum Land wäert bestoen. An da géife mir eis scho wënschen, datt dat Konzept spéider och an anere Regiounen ausgedeent gëtt.“