D'Fair FleeschFair zu Béischt, Bauer a Konsument – e Mëllech-Label kritt Gesellschaft

Monique Kater
D'Fair-Kooperativ gëtt et zënter 2009, deemools hunn d'Bauere sech zesummegedoen.
D'Fair Fleesch
Fair zu Béischt, Bauer a Konsument – e Mëllech-Label kritt Gesellschaft.

Si hunn d’Mëllech op d’Felder geschott, fir op dee ganz déiwe Mëllech-Präis opmierksam ze maachen. D’Fair Mëllech gëtt ewell 11 Joer vermaart, 16 Produkter gehéieren ewell zum Fair-Mëllech-Label. Mam Faire Fleesch kéim elo - sou d’Baueren – e qualitativ héichwäertege Produit dobäi. De Ball léich elo beim Konsument.

Wat vun ugangs bleift an op dat si och ganz houfreg sinn, ass, dass dee ganze Modell eleng an hiren Hänn ass. D’Kooperativ mat Mëllech- a Fleesch-Baueren, vu jiddwerengem ass deemno Engagement gefrot. E Comité hält béides zesummen a koordinéiert d’Aktiounen, ëmmer am Fair-Modus.

D’Gréisst vum Betrib ass hei egal. Invitéiert war ee fir dës Presentatioun op de Rommechterhaff op Mëlleref, en impressionnante Betrib mat vun allem - ganzer 5 Famillje schaffen hei zesummen am “Fairen” Alldag.

20 Betriber si bis ewell bei Fair Fleesch dobäi, et wäerten der bäikommen, wa se bis geséichen, dass dat sech engagéieren eppes bréngt. Méi grouss muss wéi gesot net sinn, wier awer net esou schlecht.

Bei all den Oplage verléiert een als Jonken d’Loscht op e Bauerebetrib. E Präis, dee stëmmt, wier beim Fleesch grad esou wichteg wéi bei der Mëllech. Apropos Loscht: och eng Limitatioun vun der Gréisst vun de Betriber, wat den Agrarminister jo wëlles huet, wier hei net grad sexy.

Back to Top
CIM LOGO