Null Toleranz géintiwwer sexuellem Mëssbrauch!
Esou ass de Joresrapport 2017 vun Unicef Lëtzebuerg iwwerschriwwen. Zejoert gouf et jo och esou Reprochë géint Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen, ënnert anerem vun Oxfam a Medecins sans frontieres.
Dee Paul Heber vun der Unicef huet um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview erkläert, datt dat natierlech immens schlecht ass fir de Ruff vun den Hëllefsorganisatiounen. Och wann et nëmme vereenzelt Fäll sinn, se misse ganz eescht geholl ginn, sou den Invité vun der Redaktioun.
Unicef Lëtzebuerg hat 2017, Fongen an Héicht vun 3,9 Milliounen Euro.
Dat ass e plus vun enger hallwer Millioun am Verglach mam Joer virdrun.
6,5 % vun de Sue goungen an Unicef-Projeten zu Lëtzebuerg, fir d'Kannerrechter ze stäerken.
International bleift de Syrienkrich déi gréisste Suerg. Hei setzt d'Unicef ganz vill op Educatioun, sou nach den Paul Heber.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de Paul Heber vun der Unicef Lëtzebuerg.