
De Parquet vun Tréier huet eng Uklo géint en 19 Joer ale Mann aus der Äifel wéinst Mord an Doudschlag erhuewen. Hie soll am Cap Vert säi Papp, seng Stéifmamm a seng Stéifschwëster mat engem Messer ëmbruecht hunn.
De 17. Dezember 2025 waren déi Véier fir eng gemeinsam Vakanz zesummen op d'Insel Sao Vicente am Cap Vert geflunn. An de fréie Moiesstonne vum 23. Dezember 2025 ass et dann zum déidleche Virfall am Vakanzenhaus komm. Den Ugeklote soll dobäi fir d'éischt seng Stéifschwëster e puer Mol mam Messer an den Hals gepickt hunn, wéi si geschlof huet. Well d'Affer sech dobäi net wiere konnt, geet de Parquet hei dovunner aus, datt den Tatbestand vum Mord ausräichend erfëllt ass.
Duerno soll den 19 Joer ale Mann och säin eegene Papp an deem seng Frëndin attackéiert hunn. Et koum zu engem Kampf, bei deem béid Affer déidlech blesséiert goufen. No senger Dot ass den Ugekloten da mam Taxi op de Flughafe gefuer a vun do aus op Lissabon geflunn. Do gouf hien da wéinst engem Europäeschen Haftbefeel, dee vum Parquet zu Tréier ausgeruff gouf, festgeholl an de 14.01.2026 un Däitschland ausgeliwwert. Do sëtzt hien zanterhier an Untersuchungshaft. Well den Ugekloten zum Zäitpunkt vu senger Dot 19 Joer al war, gouf d'Uklo bei der Jugendkammer vum Landgeriicht Tréier erhuewen.
Bis elo huet sech de Mann nach net zum Virfall geäussert. Och e méiglecht Motiv ass aktuell nach net gewosst.