
Op verschiddene Päck gouf den Datum bis den 30.08.2021 gedréckt, drop stoe misst awer bis den 30.07.2021.
Betraff si wéi gesot d'Zalotepäck vun 150 Gramm mat "Crudités au mais". Den indiquéierte Code ass den 5400119525596 an déi concernéiert Produite goufen am Zäitraum tëscht dem 23. an dem 27. Juli verkaf.
Huet een esou ee Pak doheem, kann een d'Zalot ouni Bedenke bis den 30. Juli consomméieren. Wien nach Froen huet, ka sech gratis un de Service Clients wennen um +352 30 99 11.