
Géint 15.45 Auer koum et an der Rue Munchen-Tesch zu Weimeschkierch zu engem Accident. E Mann war do mat senger E-Trottinette vum Park Laval a Richtung Rue Auguste Laval ënnerwee an huet do missen engem Hindernis auswäichen a gouf gläichzäiteg vun engem däischtere Gefier iwwerholl. De Mann op der Trottinette koum net méi aus de Féiss an ass gefall. Den Automobilist ass a Richtung Rue Auguste Laval weidergefuer.
An deem Zesummenhang sicht d’Police no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir d’Stater Police um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.
Méi spéit koum et dann zu engem Abroch an en Auto an der Uelzechtstrooss zu Colmer-Bierg. Wéi d’Police präziséiert, muss et tëscht e Mëttwoch 19 Auer an en Donneschdeg de Moie 6.50 Auer geschitt sinn. De Won stoung zu deem Zäitpunkt an enger Garagenafaart. Geklaut goufen e puer Géigestänn.
Och hei ginn Zeie gesicht. All Informatioun ass fir de Policebüro vu Miersch um (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail op police.mersch@police.etat.lu.