HouwaldFeier an der rue des Bruyères, Brandstëftung net ausgeschloss

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg géint 15 Auer hat en Daach vun engem Café gebrannt. Éischten Indikatiounen no kéint et sech ëm Brandstëftung handelen.

Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, waren d'Pompjeeë schonn am Gaange mat de Läschaarbechten. Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, gouf de Parquet informéiert, deen doropshin eng Enquête an d'Weeër geleet huet.

D'Strooss war wärend de Läschaarbechten zäitweis fir de Verkéier gespaart.

Back to Top
CIM LOGO