
Well de Feieralarm an engem Bürosgebai lassgaangen ass, sinn direkt méi Ween op d’Plaz gefuer.
Op Nofro confirméiert de CGDIS den Asaz. D’Pompjeeën op der Plaz hätten op enger Kachplack e Pizza-Kartong fonnt, deen d’Dampentwécklung verursaacht an de Feieralarm ausgeléist hätt.
D’Rue des bains gouf fir kuerz Zäit komplett gespaart.