Invité vun der Redaktioun (22. November)Félix Braz iwwer d'Vermummungsgesetz, Suerg ass berechtegt

RTL Lëtzebuerg
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Justizminister Félix Braz.
Invité vun der Redaktioun: Félix Braz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den Avis vum Staatsrot iwwer d'Burka-Gesetz, dat net méi sou soll heeschen, ass also do. Mat 5 formellen Oppositiounen, déi d'Form concernéieren, Präzisiounen, déi feelen.

D’Suerg vum Staatsrot ass berechtegt, juristesch Texter musse präzis sinn. Esou huet de Justizminister e Mëttwoch de Moien op den Avis vum Staatsrot reagéiert. Déi héich Kierperschaft huet en Dënschdeg eng Handvoll formell Oppositioune formuléiert. Ënnert anerem war et de Reproche, datt den Text bei verschiddenen Definitiounen net präzis genuch wier. Do géif elo nogebessert ginn.

De Minister begréisst awer och, datt de Staatsrot mat der Form vum Gesetz u sech d'Accord ass.

De Félix Braz

De Félix Braz ass och nach emol op de Gesetzprojet agaangen: An ëffentleche Gebaier däerf een an Zukunft säi Gesiicht net verdecken. Net de ganzen ëffentleche Raum - also och d'Strooss - ass viséiert, esou wäit wollt een net goen. Hien huet och betount, datt vun 28 Länner weltwäit nëmme 4 e ganzt restriktiivt Vermummungsverbuet hunn, Frankräich zum Beispill.

Déi kommunal Reglementer, déi et an der Gemeng gëtt, sollen och nieft dem nationale Gesetz bestoe bleiwen. Burka an Nikab-Fraen falen zB net ënnert déi Reglementer.

Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Justizminister Félix Braz.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO