VerwaltungsgeriichtFelix Braz kritt Onrecht bei Sträit ëm Nationalitéit vun engem Mannerjäregen

RTL Lëtzebuerg
Am Sträit ëm d'Lëtzebuerger Nationalitéit fir e mannerjäregen Amerikaner huet d'Verwaltungsgeriicht dem Justizminister an 1. Instanz Onrecht ginn.

Den Tribunal administratif huet nämlech de Recours vum Papp vum haut 3 Joer ale Bouf als justifizéiert ugesinn an eng Decisioun vum Felix Braz aus dem Dezember 2017 annuléiert. Den Dossier muss och zréck bei de Minister.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

Deen hat dem Papp am August 2016 d'Lëtzebuerger Nationalitéit ginn op Grond vum entspriechende Gesetz vun 2008. De Papp, dee mat engem Mann bestuet ass, hat doropshi fir seng zwee mannerjäreg Kanner eis Nationalitéit gefrot. D'Kanner waren a Kalifornien duerch eng sougenannt "Leihmutterschaft" op d'Welt komm. Am Mee 2017 war deen een Zwilling Lëtzebuerger ginn, ma de Felix Braz hat deem aneren am Dezember 2017 d'Nationalitéit refuséiert: en DNA-Test hätt nämlech gewisen, dass de Mann net de biologesche Papp vum Kand wär. Déi zwee Männer, déi duerch en Uerteel vum Ieweschte Geriicht vum US-Staat am Juni 2015 als Eltere vun den Zwillingen ugesi goufen, haten am Januar zejoert d'Verwaltungsgeriicht befaasst.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass hei dat neit Nationalitéitegesetz vun 2017 spillt. Déi zwee Männer hätte sech virun allem op den Artikel 2 dovu beruff, fir festzehalen, dass och dat zweet Kand Lëtzebuerger wär an et wär falsch, dass sech de Staat op en Artikel aus dem Gesetz vun 2008 beruffe géif. De Minister hätt dem Kand d'Nationalitéit refuséiert, well de Mann, dee Lëtzebuerger gi war, net de biologesche Papp vum Kand an deemno net als Elterendeel unzegesi wär. D'US-Autoritéiten haten awer genee dat am Gebuertscertificat vum Kand festgehalen. Nawell hätt de Felix Braz fonnt, dass d'Indikatiounen an deem Dokument net der Realitéit entsprieche géifen. Den DNA-Test hätt jo bewisen, dass de Mann net de biologesche Papp vum Zwilling wär. Am kalifornesche Gebuertscertificat vun 2015 stéing awer, dass déi zwee Männer d'Eltere vun den Zwillinge wären, dee Certificat gouf ausgestallt, nodeems d'Iewescht Geriicht vum US-Staat d'Männer eben zu den Eltere vun de Kanner erkläert hat. Vu dass sech den Artikel 2 vum Nationalitéitegesetz vun 2017 op all Mannerjäregen applizéiert, vun deem en Elterendeel Lëtzebuerger ass, an de Mann, deen 2016 Lëtzebuerger gouf, sou en Elterendeel ass, wär et falsch gewiescht, dem Zwilling eis Nationalitéit ze refuséieren, sou den Tribunal administratif. D'Ministeschdecisioun wär dowéinst ze annuléieren.

Back to Top
CIM LOGO