
Bei der CSV kënnen d'Kandidature fir de Poste vum Parteipresident, Adjointen a Generalsekretär nach bis e Mëttwoch den Owend 18 Auer perséinlech am Büro vun der Partei deposéiert ginn. Soss gëllt natierlech den Datum vum Post-Stempel vum 9. Januar.
Wat de Poste vum Generalsekretär betrëfft, kandidéiert, RTL-Informatiounen no, den CSV-Deputéierten Felix Eischen fir d'Successioun vum Laurent Zeimet.
Schonn am Dezember hat iwwerdeems den CSV-Europadeputéierte Frank Engel bei eis op der Antenne säin Interêt fir de Poste vum Parteipresident manifestéiert. Hie wëll d'Successioun vum Marc Spautz iwwerhuelen. De Frank Engel war iwwregens e Mëttwoch eisen Invité vun der Redaktioun. Do koum d'Präzisioun, dass hie Loscht op de Posten als Parteipresident huet an do méi eng haart a resolut Oppositioun versprécht.
Invité vun der Redaktioun (9. Januar): Frank Engel wëll neie President vun der CSV ginnAn de Kulissen zirkuléieren awer och nach aner Nimm fir neien CSV-Parteipresident ze ginn, an zwar déi vu Serge Wilmes, Diane Adehm oder och méiglecherweis dem Gilles Roth.
Wéi gesot, muss ee sech do nach op d'mannst bis den 10. Januar gedëllegen, fir ze wëssen, wéi eng Kandidature virleien. D'Decisioun, wien op déi héich Parteiposte kënnt, fält dann um CSV-National-Kongress den 26. Januar zu Mutfert.
Och bei de Sozialiste gëtt eng nei Parteispëtzt gewielt. De President Claude Haagen an de Generalsekretär Yves Cruchten trieden net méi un. D'Kandidature musse bis de 15. Januar dobanne sinn. Bis ewell, héiert een, wär just de Stater Deputéierte Franz Fayot un dem Posten interesséiert. D'Decisioun fält den 22. Januar um LSAP Kongress zu Käerjeng.