Am Ganzen néng BlesséierterFënnef Accidenter an e Feier um Mëttwochmoien

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS haten um Mëttwochmoien all Hänn voll ze dinn.
© Laurent Weber

Scho géint 5:45 sinn zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen aneneegerannt. D'Ambulanciere vun Diddeleng a Beetebuerg hu sech hei ëm dräi blesséiert Persoun gekëmmert. Och d'Pompjeeë vu Beetebuerg waren op der Plaz.

Um7:29 Auer krute sech dann zwee Autoen op der Haaptstrooss an der Houschter Déckt ze paken. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Housen a Pëtschent, d'Ambulanciere vu Clierf an aus der Nordstad an de Samu vun Ettelbréck.

De Samu vun Esch an d'Secouristen a Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng sinn da kuerz no 7:30 Auer an d'Industriezon Hahneboesch zu Nidderkuer geruff ginn. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto e Moto ze pake krut.

Eng Stonn drop gouf et dann ee Blesséierten, wéi zu Jonglënster an der Rue du Village eng Poubelle gebrannt huet. D'Pompjeeë vu Konsdref, Hiefenech a Jonglënster waren hei op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanciere vu Jonglënster.

Géint 9:45 Auer krut dann zu Esch an der Rue Marie Curie eng Persoun op enger Trottinett ze paken. D'Escher Pompjeeë an Ambulanciere waren op der Plaz.

Ongeféier zur nämmlechter Zäit gouf dann eng Persoun bei engem Accident tëscht zwee Autoen um Boulevard Grande-Duchesse Charollte vum Belair an der Stad blesséiert. Hei sinn d'Stater Ambulancieren a Pompjeeën an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO