
Zu Bieles ass der Police en Donneschdeg am fréien Owend ee Chauffeur opgefall, dee wärend dem Fuere säin Telefon benotzt huet. Wéi d'Beamten de Mann ugehalen hunn, huet sech erausgestallt, dass géint hien e Fuerverbuet bis 2024 bestan huet. Den Automobilist ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a muss sech e Freideg dem Untersuchungsriichter presentéieren.
En Automobilistin, déi en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg an een Accident mat Materialschued zu Hollerech verwéckelt war, huet sech direkt duerno duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet net laang gebraucht, fir den Auto zu Esch ze lokaliséieren. Wéi d'Police d'Automobilistin wollt kontrolléieren, hunn d'Beamte festgestallt, dass d'Fra am Gaang war en Joint ze fëmmen an donieft nach eng am Biz hat. De Permis war natierlech op der Plaz fort an et gouf protokolléiert.
Um 22.55 Auer huet eng Patrull op der Escher A4, eng 500 Meter virum Rondpoint Raemerech, en accidentéierten Auto fonnt. De Won war staark beschiedegt a stoung mat gebrachener viischter Achs an der Mëtt vu béide Spuren. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv, den Wäert louch ënner 1,2% dowéinst konnt hien de Permis behalen.
Bei enger Kontroll um Boulevard de Kockelscheuer konnt d'Police eng gréisser Quantitéit un Droge saiséieren. Ronn 100 Gramm Heroin, 11 Gramm Kokain a 7 Gramm Cannabisproduite goufen heibäi an engem Auto fonnt. De Parquet huet déi dräi Leit am Auto verhafte gelooss a si koumen nach um Freideg virun den Untersuchungsriichter. Nieft den Drogen gouf och den Auto a weider Géigestänn saiséiert.