
Déi nächst Editioun organiséiert de CLAE, de comité de liaison des associations d'etrangers, vum 1. bis den 3. Mäerz. Zwee Voleten, déi an Tëschenzäit net méi ewechzedenke sinn, sinn en Dënschdeg virgestallt ginn. Dat ass op där enger Säit déi 7. Editioun vun "arts manif" an op där anerer Säit den 19. Salon du livre.
Do sinn dëst Joer iwwer 100 Schrëftsteller aus allen Härelänner vertrueden, ee vun hinnen ass de Lëtzebuerger Lambert Schlechter. Säi Wierk "Piéton sur la voie lactée" ass op bosnesch iwwersat a publizéiert ginn an d'Leit hu wärend dem Salon du Livre d'Méiglechkeet, fir mam Lambert Schlechter selwer an och mat den Editeuren aus Bosnien ze diskutéieren.

Vill Succès huet och all Joer d'Arts manif, wou zäitgenëssesch Konscht gewise gëtt. Et ass dëst Joer, déi 7. Kéier, datt och Tableauen, Skulpturen a Fotoen ausgestallt ginn an d'Zuel vun den Artiste geet vu Joer zu Joer an d'Luucht. Dëst Joer sinn et der schonn 42. Si all hu vill z'erzielen, verschiddener awer net vill Schéines. Eng Rei vun hinnen gehéieren zu deene Leit, déi mat engem Schlauchboot iwwert d’Mëttelmier vun doheem geflücht sinn an elo dat verschaffen, wat se erlieft hunn.
Wierker, also, op déi een dierf gespaant sinn an déi ee wärend dem Festival des migrations ka gesinn a kafen. Dëst Joer déi éischt dräi Deeg am Mäerz. De ganze Programm fënnt een op