GrondschoulFir 60.500 Kanner an hir knapp 6.700 Enseignante war en Donneschdeg Rentrée

Annick Goerens
Christophe Hochard
De 15. September huet dat neit Schouljoer an der Grondschoul ugefaangen.
Fir 60.500 Kanner an hir knapp 6.700 Enseignante war Rentrée
De 15. September huet dat neit Schouljoer an der Grondschoul ugefaangen.

No der Grondschoul en Donneschdeg ginn e Freideg dann d’Septièmes-Schüler an de Lycéeën empfaangen. E Méindeg da wäerten alleguerten d’Schüler nees d’Schoulbänk mussen drécken.

Schoulrentrée / Live vum Annick Goerens

Dëst Joer steet d’Rentrée jo ënnert dem Motto “Gutt Bildung fir jiddereen”. D’Bildung soll dem Educatiounsminister Claude Meisch no zu Lëtzebuerg fir all Kand zougänglech sinn. Dofir goufen och verschidden Ännerungen decidéiert, wéi eng gratis Maison relais mat enger gratis Hausaufgabenhëllef. Dës Schrëtt sollen d’Famillje finanziell entlaaschten, awer och eng héichwäerteg non-formal Bildung erméiglechen. E weidere Punkt, fir de Famillje finanziell entgéintzekommen, ass dat gratist Mëttegiessen an der Schoul oder an de Strukturen.

D’Police huet annoncéiert, verstäerkt Kontrollen ze maachen, vu Vitess, awer och, wat d’Parkverhale vun den Elteren ugeet. An och d’Sécurité routière huet d’Automobilisten opgeruff, just nach mat Virsiicht ze iwwerhuelen.

Esou huet d’Rentrée an der Grondschoul zu Stroossen ausgesinn

No zwee Joer mat sëllege Corona-Restriktiounen, kënnen déi jonk Schülerinnen a Schüler dëst Joer mol endlech nees ouni Masken d’Schoulbänk drécken. D’Annick Goerens war fir eis en Donneschdeg de Moien zu Stroossen an der Primärschoul ënnerwee.

Rentrée Grondschoul zu Stroossen / Rep: Annick Goerens

Et huet ee gemierkt, dass no zwee Méint Summerpaus den Een oder Aneren de Moien nach relativ midd dragekuckt huet. An trotzdeem: d‘Virfreed op den éischte Schouldag bei de Kanner aus dem Cycle 3, also dem 3. a 4. Schouljoer, ass grouss.

“Journalistin: Frees du dech op däin 1. Schouldag?
Kand: Jo.
Wierklech jo!
Journalistin: Op wat frees du dech dann am meeschten?
Kand: Ech gi meng Frënn gesinn an nei Saache léieren.”

“Ech freeë mech ganz vill, well ech mat mengem beschte Frënd an der Klass sinn.”

“Eigentlech schonn, mee et ass e bëssi ustrengend opzestoen.”

Zu Stroossen gi ganz vill verschidden Nationalitéiten an d’Schoul, dorënner och Kanner, déi aus Krichsgebidder kommen: Syrien, Afghanistan a rezent och aus der Ukrain. D’Marielle Risch ass Responsabel fir de Cours d’Accueil an erkläert d’Erausfuerderungen:

“Den Haapt-Defi ass ëmmer d’Sprooch, mee zur gläicher Zäit sech wuel fillen, well wa se u sech eng nei Sprooch solle léieren, an engem neie Land ukommen, mat engem Background vun enger Krichssituatioun an hirem Heemechtsland. Dobäi sinn hei och Kanner, wou de Papp net matkomm ass, wat se dann awer och emotional immens belaascht. Sou déi Mëschung fir hinnen ee Reegel-Alldag ze ginn a sech wuelfillen, well wa se sech wierklech net wuelfillen, da brauch ee guer net domat unzefänken, un d’Léieren ze denken.”

D’Enseignante Claire Zimmer huet selwer ukrainesch an och russesch Kanner an hirer Klass. Dat géing awer ganz gutt harmonéieren.

“Et war am Ufank och bei Elteren e bëssen d’Diskussioun opkomm, dass an anere Schoule russesch Kanner gemobbt goufen. Mee dat ass wierklech bei mir an der Klass net de Fall. Dat hunn ech ni matkritt. A si si Kolleege matenee wéi all déi aner.”

Corona wier aktuell dann och keen Thema, präziséiert de Grondschouldirekter David Bettinelli. Domat géing ee sech beschäftegen, wann et souwäit wier.

“Vous avez comme un accent": De Podcast mam Claude Meisch iwwert d’Méisproochkeet bei de Kolleege vu 5Minutes

PDF: D'Zuele vun der Rentrée 2022/2023 am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO