Fir Famillje finanziell z’entlaaschten an alle Kanner Zougang zu enger héichwäerteger non-formaler Bildung ze erméiglechen, hat den Educatiounsminister am Mee eng gratis ausserschoulesch Betreiung wärend de Schoulwochen ugekënnegt. Dat gëllt vun dëser Rentrée un. An de Maison-relaise muss dann och eng gratis Hausaufgabenhëllef ugebuede ginn. Wat déi meescht Eltere freeën dierft, bedeit awer fir d’Betreiungsstrukture gréisser Erausfuerderungen.
De groussen Undrang, wéi bei der Annonce gefaart gi war, gouf et fir dat nächst Schouljoer awer net.
All Joers kéime Kanner bäi, sot eis d’Croix-Rouge. 3.500 bis 4.000 Kanner ginn an de konventionéierte Strukture betreit. Mee dass et der dëst Joer méi wieren, well d’Betreiung gratis ass, hätt een net kënne feststellen, esou de Marco Deepen, Direkter fir de Service d’éducation non-formelle bei der Croix-Rouge.
Eng Suerg wier awer, dass d’Elteren d’Motivatioun net méi hunn, hir Kanner ofzemellen, wa se net kënnen an d’Maison-relais goen. Vue dass de Service gratis ass, kënnen d’Stonnen net méi facturéiert ginn, wann d’Kand onofgemellt feelt.
Déi Stonnen, déi net ofgemellt ginn, kréien dann awer net méi d’Elteren, mee de Staat vun der Rentrée u verrechent, domadder wier dat och eng Verschwendung vu Steiergelder.
Am private Secteur ass d’Suerg éischter, dass d’Maison-relaisen an de Schoulvakanzen eidel bleiwen, d’Fixkäschte fir de Bedreiwer awer weider lafen. An de Vakanze gëtt d’Betreiung nämlech net iwwerholl, de Plaffong vun 100 Euro d’Woch fält ewech an et gëllt de System vum Chèque-Service, wéi bis ewell. D’Iesse muss dann och vun den Eltere bezuelt ginn, sot de Paolo Fiorucci, Direkter vun enger Betreiungsstruktur zu Bouneweg.
An der Zäit, wou d’Kanner an d’Schoul ginn, ginn et och Restriktiounen. Wann den Tarif vum privaten Träger 6 Euro pro Kand a pro Stonn depasséiert, mussen d’Elteren d’Differenz bezuelen. Dat ka jee no Fall iwwer 100 Euro pro Kand a pro Mount sinn. Viru 7 Auer moies an no 7 Auer owes gëllt och weiderhin deen “alen” Bezuel-System mat de Chèques-services.
Fir d’Kanner aus dem Precoce gëtt d’Betreiung iwwregens och net vum Staat iwwerholl. De Service gëllt just fir schoulflichteg Kanner.