No Réckzuch vu Lactalis-EKABEFir Baueren a Politik schéngt d’Luxlait déi beschte Pist

Jeannot Ries
D'Mëllechbauere Genossenschaft Prolak ass gudder Hoffnung, fir eng nei Molkerei ze fannen. Nodeem d'Multinational Lactalis, där ënner anerem d’EKABE gehéiert, de Kontrakt mat 68 Bauere fir d’Fréijoer d’nächst Joer gekënnegt huet.
© Jeannot Ries
No Réckzuch vu Lactalis-EKABE
Fir Baueren a Politik schéngt d’Luxlait déi beschte Pist

Elo sti Gespréicher mat potenzielle Partner un. D'Lëtzebuerger Kooperative Luxlait schéngt déi beschte Pist fir Baueren a Politik ze sinn.

‘’D'Luxlait huet eis matgedeelt, datt si keng Léisung fir eis hätten, mee bereet sinn, d'Dier opzemaachen, fir mat eis zesummen eng Léisung ze sichen. An dat ass e ganz grousse Signal.‘’ sou de Vic Wirtz, President vun der Kooperative Prolek"

Zesummen hu sech déi betraffe Bauere Gedanke gemaach, wat generell d'Zukunft vun der Mëllechproduktioun am Gréngland-Standuert Lëtzebuerg ubelaangt.

‘’Datt et drëm geet, fir déi lëtzebuergesch Mëllechproduktioun eeben ze schütze virun deem globale Mëllechpräis. An deem datt eebe lokal héichwäerteg Produite produzéiert ginn, déi awer kënnen an der ganzer Welt Uklang fannen.‘’

Den Direkter vun der Luxlait ass a leschter Zäit vill am Ausland ënnerwee. Fir eben nei Marchéen z'identifizéieren, Kontakter ze knäppen. An der zoustänneger Chamber-Kommissioun dës Woch gouf d'Pist vum Made in Luxembourg, deen Exportéiert gëtt, bestätegt.

Back to Top
CIM LOGO