Educatiounspolitik am KoalitiounsaccordFir d’CSV sinn d’Iddien net bis un d’Enn duerchduecht

RTL Lëtzebuerg
Ee Minister nom aneren defiléiert a den zoustännege Chamberkommissiounen dëser Deeg fir do säi Volet ze presentéieren.
Educatiounspolitik am Koalitiounsaccord
E Mëttwoch de Mëtteg war et um Educatiounsminister Claude Meisch, deen den Deputéierten d’Punkten aus dem Koalitiounsaccord ënnerbreet an erkläert huet.

E Mëttwoch de Mëtteg war et um Educatiounsminister Claude Meisch, deen den Deputéierten d’Punkten aus dem Koalitiounsaccord ënnerbreet an erkläert huet. Ma vun der CSV gouf et do Kritik. Vill Iddien a Konzepter géifen am Raum stoen, ma richteg duerchduecht wieren déi nach net, esou de Reproche vun de Chrëschtlech Sozialen.

Educatiounspolitik am Koalitiounsaccord - Nadine Gautier

Vill Detailfroe stinn nach op. Et géif een e bëssen um Dréchene sëtzen, esou d’Fraktiounscheffin vun der CSV, d’Martine Hansen a si gëtt ee Beispill: de Bildungsdësch, wou déi Chrëschtlech Sozial wollte wëssen, wat dat Konkretes géif bedeiten. E fäerdegt Konzept gouf et op alle Fall net, déi wichteg Decisioune goufen an deene leschte 5 Joer geholl ginn an hei wier net diskutéiert ginn. Dass elo géif diskutéiert ginn, bezeechent d'Martine Hansen als "Moutarde après dîner".

Een anere Punkt wier gratis Kannerbetreiung an de Maison relais. Do huet d’Martine Hansen gefrot, wat dat géif genee heeschen, wéi vill Stonnen dat wieren an op och d'Dagesmammen dovunner profitéieren. Bis ewell hätt ee gesot krut, dass et keng Limitt u Stonne géif ginn, eppes dat d'Martine Hansen sech awer net wierklech virstelle kéint.

Den Educatiounsminister Claude Meisch betount, dass d'Regierung wëlles huet d'Maison Relaise gratis ze maachen, dat ausserhalb vun de Schoulstonnen, allerdéngs awer an de Schoulwochen. Dorunner géif d'Regierung elo am Moment dru schaffen. Dass d'CSV dëst elo kritiséiert, géif weisen, dass si hirer eegener Linn net trei sinn, vu dass si dat an der leschter Legislaturperiod jo selwer gefrot hätten.

Wéi d’Mesure finanzéiert soll ginn, doriwwer hätt de Minister näischt gesot, huet et vun der gréisster Oppositiounspartei de Mëtteg geheescht. Vun de Piraten, souz de Sven Clement als Observateur mat an der Chamberkommissioun. Deen huet gemengt, datt de Claude Meisch d‘Héichschoulpolitik aus den A verluer huet, am Koalitiounsprogramm géif nämlech nëmmen um Bord iwwert dee Volet geschriwwe ginn.

Well haut eben net all d’Froe gestallt konnte ginn, ass déi nächste Woch eng weider Reunioun geplangt. De Minister sot sech do och prett, den Deputéierten nees eng Kéier Ried an Äntwert wëllen ze stoen.

Back to Top
CIM LOGO