Poliziste provozéiertFir eng Persoun goung et no der Fouer an de Passage-Arrest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg koum et op der Fouer zu enger kierperlecher Ausenanersetzung tëscht e puer Leit. Zwou Persoune goufe blesséiert.
© RTL-Archiv

Kuerz drop huet d’Police véier presuméiert Täter ugetraff. Eng Persoun huet zouginn, an eng Kläpperei verwéckelt gewiescht ze sinn. Eng aner Persoun, déi ënner Alkoholafloss stoung, huet versicht, d’Beamte vun der Police permanent ze provozéieren. Well e sech net wollt berouege loossen, koum en iwwer Nuecht an de Passage-Arrest.

Back to Top
CIM LOGO