
E Méindeg ass et op der Zuchstreck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg wéinst der Hëtzt zu enger gréisserer Stéierung am Zuchverkéier komm. Tëscht der Gare vu Bierchem an der Gare um Houwald huet sech duerch déi immens Hëtzt eng Schinn liicht op d'Säit verréckelt. Aus Sécherheetsgrënn gouf den Zuchverkéier op de Linne Lëtzebuerg–Esch-Rodange an och a Richtung Diddenuewen a Metz bis en Donneschdeg staark impaktéiert. De Chris Meisch ass der Saach nogaangen.
Eng kleng Verschibung vu just e puer Millimeter ass duergaangen, fir datt de Verkéier op de betraffene CFL-Linnen iwwer Deeg staark reduzéiert huet misse ginn. Nodeems e Maschinist eng Onreegelméissegkeet um Gleis gemellt hat, hunn d'CFL op der Héicht vu Bierchem eng sougenannt "Gleisverdréckung" festgestallt. Déi gouf duerch déi extrem Hëtzt verursaacht a misst aus Sécherheetsgrënn séier behuewe ginn, erkläert de Kim Rohmann, Chef de la cellule spécialisée voie bei den CFL.
"Technesch a reglementaresch si mir do ageschränkt, bei wéi engen Temperaturen mer do kënnen um Gleis schaffen. D’Schinn muss ënner 32 Grad sinn, fir dierfen eng Aarbecht um Gleis ze maachen. Am Dag hate mir eng Temperatur an der Schinn, den Ament wou et geschitt war, vu 54 Grad. Dunn hu mir ofgewaart bis owes no 12 Auer, do ass d'Schinn op 20-22 Grad ofgekillt a konnten du mat enger Bourreuse, dat ass eng schinnegebonne Maschinn, déi d’Gleis erëm op déi richteg Platz réckelt."
Stol deent sech bei Hëtzt aus. Well d'Schinn op béide Säite vu Weiche fixéiert war, konnt si sech net méi an der Längt ausdeenen a gouf doduerch liicht op d'Säit gedréckt. Mat ëmmer méi Hëtztwelle stellt sech d'Fro, ob esou Steierungen an Zukunft méi heefeg kéinte ginn. Bei den CFL gesäit een de Schinnereseau awer gutt virbereet, esou d’Sandy Nonnweiler, Porte-parole vun den CFL. Eng generell Reduktioun vum Zuchverkéier, wéi se a Groussbritannien deelweis gemaach gëtt, wier hei am Land den Ament net néideg.
"Mir hunn Tournées de chaleur, wou eis Gleiser a Schinne kontrolléiert ginn an där Hëtzt. Mir hunn awer och dräi Miessstatiounen uechtert d'Land, zu Esch, zu Miersch an zu Lëtzebuerg, wou dauernd kontrolléiert gëtt, a wou mir gutt equipéiert sinn, fir an deem Sënn eng präventiv Moossnam kënnen ze huelen. Ausserdeem kann een och soen, dass mir ee Ballast aus Natursteng hunn, wat déi ganz Gleiser méi robust maachen, fir dass esou Saache ganz rare kënne geschéien."

Geféierlech wieren Aarbechten um Schinnereseau bei esou héijen Temperaturen net. Wéinst den héijen Temperaturen hunn awer d'Aarbechtszäite bei den CFL missen ugepasst sinn.
"Elo am Dag schaffen d'Leit um Terrain vu moies 6 bis mëttes 14 Auer, fir net der grousser Hëtzt am Nomëtteg ausgesat ze sinn. An owes fänke mir um 10 Auer nees u bis Moies 6 Auer, well do d’Temperature méi agreabel sinn. Verschidden Aarbechte mussen awer decaléiert ginn, duerch déi grouss Hëtzt, well et technesch net machbar ass. A wa mir eng gewësse Schinnentemperatur am Dag erreechen, musse mir eng Tournée de Chaleur maachen, fir ze kontrolléieren, dass näischt um Gleis ass.”
Nieft de Kontrollen um Schinnereseau preparéieren d'CFL sech och an den Zich op extrem Hëtzt. Virun all Summer ginn ënner anerem d'Klimaanlagen an den Zich nach eng Kéier kontrolléiert, fir och bei héijen Temperaturen ee méiglechst zouverlässege Betrib ze garantéieren.