Nei SécherheetsmesurenFirwat vereenzelt Post-Clienten den Ament Problemer mat hire Mailen hunn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems verschidde Clienten eis wéinst Problemer mat hiren @pt.lu-Maile kontaktéiert hunn, hu mir bei der Post nogefrot, u wat dat läit.

De Spriecher vun der Post confirméiert, datt verschidde Clienten den Ament effektiv Problemer dobäi kéinten hunn, Mailen ze kréien oder ze verschécken. De Grond dofir ass eng Verstäerkung vun de Sécherheetsmesuren, déi bei verschiddenen E-Mail-Konten dozou féieren, datt d’Adressen nei konfiguréiert musse ginn, fir datt nees alles leeft.

Mail-Adressen, déi vun de Clienten nach net nei konfiguréiert goufen, kënnen zanter en Dënschdeg keng E-Maile méi verschécken. Dovunner betraff wieren awer net all Clienten. Déi concernéiert Leit an och vereenzelt Entreprise wieren d’lescht Woch kontaktéiert ginn an et hätt déi lescht Méint och aner Kommunikatiounen zu der Ëmstellung ginn, esou de Spriecher vun der Post.

Concernéiert Cliente fannen hei genee Consignen, wéi si hire Kont nei konfiguréiere kënnen. Och ënnert der Gratis-Nummer 8002 8004 kritt ee gehollef.

Back to Top
CIM LOGO