REPLAY kuckenFluchhafe Saarbrécken huet keen eegenen Tower méi. Optioun fir de Findel?

RTL Lëtzebuerg
Net manner wéi 1.300 Fliger goufe bis ewell schonn um Fluchhafen Saarbrécken, aus der Distanz vu Fluchlotse vu Leipzig iwwerwaacht a guidéiert.
© RTL-Archiv

Zanter ronn 7 Woche ass den Tower um Fluchhafen zu Saarbrécken nämlech net méi besat.

Wéi de Spriecher vun der Däitscher Fluchsécherheet géintiwwer der dpa sot, wier dës Ëmstellung wéi geplangt iwwert d'Bühn gaangen. Et hätte keng Problemer ginn, just kleng Kannerkrankheeten, déi hätte kënne geléist ginn. De System hätt jiddwerfalls elo schonn säin Test iwwerstanen.

Tower zu Lëtzebuerg soll bemannt sinn
Den Tower zu Saarbrécken gëtt aus der Distanz geleet. Fir Lëtzebuerg wier dat elo keng Optioun.

Zanter dem 4. Dezember gëtt de Fluchverkéier zu Saarbrécken vu Fluchlotsen iwwerwaacht, déi iwwer 400 Kilometer wäit ewech sëtzen. Am Dezember goufen am ganzen 753 Fliger vu Leipzig aus dirigéiert. An den éischten dräi Woche vum Januar waren et der iwwer 540. De Fluchhafe Saarbrécken, op deem och Fliger vun der Luxair landen, ass den éischten internationalen Airport an Däitschland, deen net méi vun engem Tower op der Plaz selwer iwwerwaacht gëtt. D'nächst Joer soll de Fluchhafe vun Erfurt nozéien, méi spéit och Dresden. Dee Moment géifen déi dräi klengste Fluchhäfen an Däitschland quasi ferngesteiert ginn.

VIDEO: Aviatioun: De virtuellen Tower
Infoe vun der däitscher Fluchsécherung – DFS Leipzig.

Weider Detailer iwwert des Nouveautéit ginn et och e Méindeg den Owend an engem Reportage am Magazin vun RTL Tëlee Lëtzebuerg. An dem Kontext gouf sech d'Fro gestallt, wéi et ëm d'Zukunft vum Tower um Findel ausgesäit. Kéint sou ee ferngesteierten Tower och eng Kéier Realitéit bei eis um Fluchhafe ginn. Äntwerten dorobber ginn et wéi gesot e Méindeg den Owend um 19 Auer am Magazin op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO