Den ''Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration (Olai)’’ geréiert den Ament 58 verschidden Haiser. An 29 vun den 102 Lëtzebuerger Gemengen. Haiser an deenen Enn Januar 73 Prozent vun de Better beluecht waren. Zuelen, déi Bänner schwätzen. No der Sëtzung vun der Aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber e Méindeg huet och de Claude Wiseler (CSV) en Appell gemaach, fir mat all de Gemengen an der Solidaritéit eng Léisung ze fannen. D'Regierung schéngt also hei kloer op d'Ënnerstëtzung vun der gréisster Oppositiounspartei zielen ze kënnen.
Am Fréijoer soll de Jean Asselborn nach emol zeréck an déi zoustänneg Chamberkommissioun kommen, mat weideren Zuelen, wat d’Opfankstrukturen ubelaangt. Den Aussen- an Immigratiounsminister wëll bis dohin och den Dialog mat de Gemengen ophuelen.
49,2 Prozent vun de Flüchtlingen, déi den Ament Better beleeën, missten eigentlech schonn eraus sinn, aus de Strukture vum Staat. Si kruten de Statut zougesprach. Ma wouhin? An engem Land, an deem Wunnen, den Haaptproblem ass. De Minister ass op der Sich no weidere Strukture fir de Staat. Awer och Wunnenge fir Flüchtlingen mat Statut, déi sech en neit Liewen zu Lëtzebuerg opbaue wëllen.