
De Slogan ass “Courage fir Verännerung”. De Glacis-Parking als eng ëffentlech Plaz fir d’Leit reamenagéieren ass eng vun den Haaptfuerderungen.
D’Argument dogéint, dass dann do keng Fouer méi ka sinn, wëllt Fokus net gëlle loossen. Ëmmerhi wier dës scho méi wéi eng Kéier op eng aner Plaz komm an alternativ Iddien hätt een och schonn.
Biergerbedeelegung ass dann ee Punkt um Walprogramm, mat deem den Parteipresident Marc Ruppert ugefaangen huet. Hei wéilt een eng Kommissioun grënnen fir nohalteg Politik. Wou sech Bierger, politesch Vertrieder a Syndikater reegelméisseg austauschen. Och Biergerforen a - versammlunge sollen do organiséiert ginn.
Weider wëllt een d’Stadvéierel beliewen. “Et ginn eng Partie ëffentlech bebaute Flächen, déi dout sinn”, ënnersträicht de Marc Ruppert. An nennt de Glacis, de Knuedler oder d’Paräisser Plaz. “Et muss een net Gréng wielen, fir gréng ze kréien”, huet dann de Luc Majerus gemengt a vun enger sech selwer verstäerkender Begréngung vun der Stad geschwat. Eng Grondsteier op Leerstand sollt de Commerce nees beliewen an och d’Bestëmmunge fir Foodtrucks solle vereinfacht ginn. Generell wëllt een eng Stad vun de kuerze Weeër reamenagéieren, wou ee Wunnen, Schaffen, Akafen oder an d’Schoul goe kann. D’Weeër, déi een am Alldag zréckleet, sollen net méi wéi 15 Minutten daueren.
An der Mobilitéit ass et da fir Fokus wichteg, dass 30er Zone just dohinner kommen, wou se Sënn maache wéi bei Schoulen. P&R-Parkingen ëm d’Stad solle konsequent ausgebaut ginn. A Chantieren an der Stad solle besser koordinéiert ginn, dass och d’Vëlosfuerer an d’Foussgänger nach weiderhi laanscht kommen.
Eng Fuerderung, déi soss keng Partei an hirem Walprogramm stoen huet, an déi éischter nationaler Natur ass, ass dass den Inneminister och soll Policeminister ginn. “Dëse schafft am beschte mat de Buergermeeschter zesummen”, argumentéiert de Parteipresident. Doriwwer eraus sollen d’Polizisten hir Déngschtwunnengen nees an de Quartieren hunn. Vu private Sécherheetsfirmen an engem Heescheverbuet hält een an der Partei iwwregens näischt.
Kritik a Richtung vun den anere gréisser Parteie gouf et vum Parteispriecher Frank Engel. “D’Walkampfofkommes ass fir d’Tonn”, iergert hie sech. All d’Parteien hätten ënnerschriwwen, dass si de Walkampf eréischt 5 Woche virun de Walen ufänken an net méi wéi 100.000 Euro investéieren. D’Campagne wier awer elo scho lancéiert, wéi ee géing an Annoncen an der Zeitung oder um Radio gesinn an un de Bréifboîtten, déi iwwerlafen. Fokus géing do net matmaachen. Dat wëll een net déi finanziell Moyennen dofir hätt a wëll ee sech géing un d’Ofkommes halen.