Vum 1. August un"Fonds de travaux" fir d'Co-Proprietéiten ass obligatoresch

RTL Lëtzebuerg
D'Gesetz war virun engem Joer gestëmmt ginn an d'Leit haten zënterhier Zäit, sech ze preparéieren.
© Maxime GONZALES

Vum éischten August un ass e “fonds de travaux” fir d’Co-Proprietéiten obligatoresch. Dat heescht: All Proprietär muss an dee Fong abezuelen, mat deem Renovatioune kënne bezuelt ginn.

D’Chambre immobilière steet voll a ganz hannert deem Changement, seet de President Jean-Paul Scheuren.

Extrait Jean-Paul Scheuren

De Montant fir an de Fong gëtt eemol d’Joer verséiert. Wat d’Energieklass besser ass, wat déi Zomm méi niddereg ass. Jee no Energieklass sinn et 3 bis 6 Euro pro Metercarré. Wat abezuelt ass, bleift am Fong, och wann de Proprietär verkeeft .

Allerdéngs kéint een de Fong jo an de Verkafspräis mat arechnen, sou nach de Jean-Paul Scheuren.

Back to Top
CIM LOGO