"Schleidersëtz"Fonds du Logement trennt sech schonn nees vu sengem Direkter

Maxime Gillen
De Verwaltungsrot an den Direkter Eric Rosin si sech, engem Communiqué vu 4 Zeilen no, eens ginn, e Schlussstréch ënnert hir Zesummenaarbecht ze zéien.
Fonds du Logement trennt sech schonn nees vu sengem Direkter
De Verwaltungsrot an den Direkter Eric Rosin si sech, engem Communiqué vu 4 Zeilen no, eens ginn, e Schlussstréch ënnert hir Zesummenaarbecht ze zéien.

Elo geet een nees op d'Sich no engem neien Direkter.

D'Logementsministesch Sam Tanson wollt op Nofro hin net reagéieren.

De Fonds du Logement war viru Kuerzem schwéier beduckst ginn. Et waren iwwer 800.000 Euro op e falsche polnesche Kont iwwerwise ginn, dat an zwou Etappen.

U sech sollten déi Sue fir eng Lëtzebuerger Baufirma sinn.

An enger englescher Mail stoung, d'Firma hätt elo e Kont a Polen an dohinner sollten d'Suen iwwerwise ginn. Dat ass wéi gesot och gemaach ginn.

Eréischt wéi déi richteg Baufirma ugeruff huet, fir ze froen, wou hir Sue sinn, ass dat Ganzt opgefall.

RTL-NEWS vum 22. Januar: 800.000 Euro verschwonn - Fonds du Logement gouf geziilt erageluecht.RTL-NEWS vum 24. Januar 2019: "Presidenten-Trick" - Wéi ginn d'Betriber ugeschmiert a manipuléiert zu Lëtzebuerg?RTL-NEWS vum 24. Januar 2019: Fonds de Logement erageluecht - Ännerunge virgeholl, Plainte deposéiert, Suen net all verluer.Den Eric Rosin war virun zimlech genee 1 Joer Direkter vum Fong genannt ginn. A senger Sëtzung vum 25. Januar 2018 hat sech de Conseil unanime fir hien ausgeschwat. "Eric Rosin peut se prévaloir d'une solide expérience dans la gestion d'entreprise et, en même temps, dans la gestion de projets immobiliers nationaux et internationaux, rassemblant ainsi les expériences nécessaires pour mener à bien les missions du Fonds du Logement", housch et deemools iwwer de Mann, dee vun ArcelorMittal koum.

Offiziell Matdeelung

Communiqué de Presse

Le Conseil d'administration du Fonds du Logement et le directeur ont décidé de mettre fin d'un commun accord à leur relation de travail.

Toutes les activités du Fonds du Logement sont pleinement assurées par l'équipe dirigeante en place.

Le processus de recrutement d'un nouveau directeur sera entamé dans les meilleurs délais.

Luxembourg, le 29 janvier 2019

Back to Top
CIM LOGO