No zwee Joer Corona-PandemieForaine freeë sech iwwert e gudde Chrëschtmaart

RTL Lëtzebuerg
Et wiere vill Leit op de Chrëschtmaart gaangen, fir sech nees fräi ze fillen a mat hire Matmënschen d'Chrëschtzäit ze feieren.
Foraine freeë sech iwwert e gudde Chrëschtmaart
Et wiere vill Leit op de Chrëschtmaart gaangen, fir sech nees fräi ze fillen a mat hire Matmënschen d’Chrëschtzäit ze feieren.

No zwee Joer Corona waren dëst Joer an der Adventszäit erëm vill Leit ënnerwee an ouni Restriktiounen hu sech Glühwäin, Gromperekichelcher a gebrannte Mandelen och däitlech besser verkaaft. Net just bei de Lëtzebuerger Visiteuren.

An de leschte Woche waren och vill Leit aus der Groussregioun um Stater Chrëschtmaart. Kee Wonner, seet de Restaurateur Patrick Weyrich. De Chrëschtmaart an der Haaptstad wier d’Nummer 1 an der Groussregioun an d’Leit hätten einfach erëm Loscht gehat.

D’Leit wollten no der Pandemie erëm eraus. Et huet ee gesinn, datt d’Leit wollte fräi sinn. Net méi dat agepercht si wéi d’lescht Joer. Du waren natierlech och scho vill Leit hei, mä et huet ee gesinn, datt d’Leit dëst Joer einfach erëm wollten ënnert d’Leit a Chrëschtdag feieren. De Chrëschtmaart gehéiert zur Traditioun an ech mengen, dofir sinn och immens vill Leit komm.

Dat confirméiert de Charel Hary, de President vun de Lëtzebuerger Forainen: “Mir kommen erëm op den Niveau vun 2019, wou mer och scho gutt Joren haten. Ech géing soen, mir wäerten erëm op deem Level leien. Et ware keng Restriktioune méi do. D’Leit si komm. D’Kiermesse waren alleguer gutt besicht an déi ganz Chrëschtmäert och.

An de Nuecht op den 11. Dezember hate Chalete bei der Gëlle Fra gebrannt, dat hätt awer keen Impakt op de Succès am Allgemenge gehat.

Zwee Deeg laang war zou. Dat war fir déi Forainen, déi zou haten, wierklech Pech, mä dat ass nach gutt ausgaangen. Et hat vill méi schlëmm ausgesinn.

De leschte Patt Glühwäin fir dës Editioun ass zerwéiert. Elo muss just nach fäerdeg agepaakt an ofgeriicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO