CGDISFoussgänger ugestouss an Auto um Daach gelant

RTL Lëtzebuerg
Um 18.30 Auer en Dënschdeg den Owend ass zu Diddeleng ee Foussgänger an der Rue Dominique Lang vun engem Auto ugestouss ginn.

Op der Plaz waren d'Ambulanz an den Asazzenter vun Diddeleng.

E bësse méi spéit huet et an der Diddelenger Strooss zu Keel gerabbelt. Hei war een Auto um Daach gelant. Et gouf awer kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO