
Deemno gouf géint 19:21 Auer eng Persoun zu Fréiseng an der Lëtzebuerger Strooss ugestouss a blesséiert. Op der Plaz, fir sech ëm dee Blesséierten ze këmmeren, waren d'Ambulanciere vu Beetebuerg an d'Pompjeeë vu Fréiseng.
Op der A13 Richtung Schengen op der Héicht tëscht Schëffleng a Keel gouf et dann nach en Accident géint 00:34 Auer. Hei waren d'Pompjeeë vun Esch a vu Schëffleng am Asaz, dat zesumme mat den Ambulanciere vum Zenter Suessem-Déifferdeng.