Déifstall an Akafszenter zu GaasperechPolice sicht Fra, déi virun 2 Joer Portmonni geklaut huet

Samantha Weber
D'Police huet en Zeienopruff zu engem Déifstall de 7. November 2024 an engem Akafszenter zu Gaasperech lancéiert.
© RTL

D'Police huet eng Foto vun enger Fra verëffentlecht, déi de 7. November 2024 tëscht 13:34 an 13:40 Auer an engem Akafszenter zu Gaasperech, op der Cloche d'Or, e Portmonni geklaut huet. No der Fra gëtt elo gesicht.

Wien Informatiounen zu der Fra oder den Déifstall huet, ass gebieden, sech bei der Police vu Bieles ënnert der Nummer 244 52 1000 oder per Mail u police.BELVAUX@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO