
De Chauffer vum Auto hat nach probéiert d’Kollisioun zevitéieren, wat ëm awer net gelongen ass. Duerno ass en nach mat sengem Gefier an d’Fassad vun engem Haus gerannt.
D’Foussgängerin gouf liewensgeféierlech verwonnt, de Chauffer vum Auto stoung ënner Schock.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police gouf op d’Plaz geruff, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
Tëscht Bettel a Veianen gouf et en Accident en Donneschdeg géint 22 Auer. E Chauffer hat d’Kontroll iwwert säi Won verluer, koum un d’Schleideren an ass doropshin an e Fiels gerannt. De verwonnte Chauffer gouf nach op der Plaz behandelt, éier e mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht gouf. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Zu Réiser huet en Auto, no bei enger Fassad gebrannt. Dat Ganzt war um Freideg de Moie géint 4 Auer, dëst an der Alzenger-Strooss.
Zu Schëtter an der rue Leegrond gouf et kuerz virun 3 e Feier an enger Kummer.
E Freideg de Moie gouf et en Accident tëscht Kanech an Éiter, wou 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. Dem CGDIS no blouf et beim Materialschued.